Et ass e Lëtzebuerger Orbis Pictus mat an éischter Linn Beobachtunge vun a Kommentarer iwwer d'Sprooch - mol eescht, mol ironesch, awer ëmmer witzeg!

Et ass e Lëtzebuerger Orbis Pictus mat an éischter Linn Beobachtunge vun a Kommentarer iwwer d'Sprooch - mol eescht, mol ironesch, awer ëmmer witzeg: Wéi eng gëfteg Mouk op hirem Fléiepëlz huckt hei en ale Knouterwiichtel an sengem Grant a katapultéiert onappetitlech Pefferkären an nostalgesch Kamellen iwwer d’Remparte vum politesch Korrekte mëtten an seng kathoulesch Heemecht, duer, wou se am lëtzebuergeschsten ass. Mee hannert deem Knouterer verstoppt sech en Auteur, deen seng Lieser ëmmer erëm mat engem Gemësch vun Tatsaachen a Fakenews hannert d’Liicht féiert an se mat neien ale Wierder respektiv „richtegen“ a „falschen“ Ausdréck veronséchert.

IWWER DEN AUTEUR AN DEN ILLUSTRATEUR

De PIT SCHLECHTER gouf den 29. Januar 1949 gebuer an ass um Lampertsbierg grouss ginn. Nom Jongelycée huet en um Cours Universitaire zu Lëtzebuerg an duerno op der Uni zu Saarbrécken Germanistik a Romanistik studéiert a mat der Promotioun zum Dr. phil. säi Studium ofgeschloss. An senger Dissertatioun huet en sech mam Lëtzebuerger Veräinstheater beschäftegt. Spéider huet en als Däitschprofesser geschafft. Zënter senger Pensioun ass e fräie Mataarbechter am LOD – dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

De PIT WEYER ass den 19. Juni 1940 gebuer an um Lampertsbierg opgewuess. Nom Lycée ass en op Essen an d’Folkwangschule für Gestaltung gaang, fir de Beruff vum Grafiker ze léieren an da mat sengem Papp, dem Grafiker Lex Weyer, de Grafikatelier lex&pit weyer ze grënnen. Haut pensionéiert, awer nach aktiv a produktiv.

PRAKTESCH DONNÉEËN

De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis Pictus © Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2022

Text: Pit Schlechter

Illustratiounen: Pit Weyer

Korrektur: Myriam Welschbillig

Schrëftsaz: Mediengestalter.lu – Sacha Heck

Drock: Imprimerie Centrale

ISBN 978-2-919781-41-6

120 Säiten, 22 Euro