All gudder Déng sinn dräi! Dofir gëtt et an dësem neie Buch vum Julia Donaldson an Axel Scheffler net just een, mee gläich dräi Béiser!

All gudder Déng sinn dräi! Dofir gëtt et an dësem neie Buch vum Julia Donaldson an Axel Scheffler
net just een, mee gläich dräi Béiser: den Troll, d’Hex an de Geescht – ee méi onmanéierlech,
ongeheierlech a schrecklech wéi deen aneren.
Ewéi ee Meedchen an en Haischen net wäit ewech plënnert, streiden se sech doriwwer, wie vun
hinnen hatt als éischt däerf fäerten doen. Fir erauszefannen, wie vun deenen dräi da wierklech de Béisten ass, fuerdert déi kleng wäiss Maus si eraus: Wie packt et, dem Meedche säi blo getëppelt Schnappech ze schuppen? Den Troll versicht et ze erschrecken, de Geescht geeschtert an d’Hex probéiert et mat hannerlëschtegen Zaubertricken. Mee d’Meedche bleift trotz aller Méi onbeandrockt: Hatt bitt hinnen daper d’Stier a beléiert si enges Besseren!
Scho fir d’sechste Kéier iwwersetzt d’Martine Schoellen ee Kannerbuch vum Bestseller Duo aus
England a léist eis esou och op Lëtzebuergesch un dëse Geschichten deelhuelen. An der Originalfassung ass d’Buch ënnert dem Titel „The Baddies“ ze fannen.

Zu de Schrëftsteller*innen

JULIA DONALDSON
D’Julia Donaldson ass 1948 zu London gebuer an huet op der University of Bristol Literaturwëssenschaft a Franséisch studéiert. Spéider huet si als Lektorin, Journalistin a Léierin geschafft, ass elo Schrëftstellerin a wunnt zu Glasgow. D’Julia Donaldson huet eng ganz Rei Kannerbicher geschriwwen, ënnert anerem De Grüffelo, säin éischte groussen internationale Succès.

AXEL SCHEFFLER
Den Axel Scheffler gouf 1957 zu Hamburg gebuer, wou hie Konschtgeschicht studéiert huet, éier hien an der Bath Academy of Art am englesche Corsham Grafik geléiert huet. Zënter 1986 lieft den Axel Scheffler zu London an ass souwuel Illustrator wéi och Auteur vu Kannerbicher. Mat sengem Buch The Gruffalo, dat an Zesummenaarbecht mam Julia Donaldson entstanen ass, huet hien eng weltwäit Renommée als Billerbuchillustrator kritt.

MARTINE SCHOELLEN
D’Martine Schoellen ass 1965 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. No engem Germanistikstudium op der Universität des Saarlandes huet si eng Vocatioun als Däitschproff fonnt. Hir Iwwersetzung vum Hans Christian Andersen sengem Tölpel-Hans, gouf 2012 a 2014 vum Nationaltheater Mannheim – Schnawwel opgefouert. Bei den éditions guy binsfeld huet si scho méi wéi een international erfollegräicht Kannerbuch vum Julia Donaldson an Axel Scheffler an d’Lëtzebuergescht iwwersat, dorënner och De Grüffelo.

RTL

© Heiko Riemann

JULIA DONALDSON/AXEL SCHEFFLER
DÉI DRÄI BÉIS
éditions Guy Binsfeld
Aus dem Engleschen iwwersat
vum Martine Schoellen
32 Säiten
250 x 280 mm
ISBN 978-99959-42-86-1
15 €