Dës Gespréichsronn déi den 2te Mee 2022 am Kader vum Beetebuerger Litera-Tour opgezeechent gouf, beschäftegt sech mam Thema kënschtlech Intelligenz.

Kënschtlech Intelligenz ass eent vun de groussen Theme vun eiser Zäit. Eng generell kënschtlech Intelligenz  oder mënschenähnlech Roboteren wéi se dacks am Film oder an der Literatur beschriwwe ginn, si wuel nach Zukunftsmusek, mä Algorithmen verstoppen sech bal an all Eck vun eisem deegleche Liewen. An engem fréieren Episode vun eiser RTL BicherLies hate mir d'Thema KI an der Literatur schonn opgegraff, a genee dat Thema hunn de Jérôme Jaminet an ech an enger Gespréichsronn verdéift, déi am Kader vun der traditioneller Beetebuerger Litera-Tour an der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 organiséiert gouf. Den 2te Mee hate mir eis dofir 3 Kl-Koryphäen an de Magic Mirror zu Beetebuerg agelueden.
Déi éisterräichesch Schrëftstellerin Raphaela Edelbauer huet fir hire Roman "Dave" dee vun der Konstruktioun vun enger genereller KI erzielt, den éisterräichesche Buchpräis gewonnen. Den däitschen Auteur Dietmar Dath schreift a "Venus siegt" vun enger Mënschheet déi sech um Planéit Venus néiergelooss huet, an do mat Robotoren an onofhängege kënschtlechen Intelligenzen zesummelieft. An de Lëtzebuerger KI-Spezialist Maxime Allard setzt dës Fiktiounen fir eis an de Kontext. Wat ass elo scho machbar, wat ass realistesch a wéi eng praktesch an ethesch Froen ginn doduerch opgeworf? Am Gespréich dat Dir hei nach eng Kéier lauschtere kënnt, geet et ënner anerem ëm Autoen déi ouni Chauffeur fueren, ëm Smarthomes a Sexroboteren. D'RTL BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip heeschen Iech domat "Willkommen im Technozän"!

Gespréichsronn: Willkommen im Technozän!
RTL

Den Dietmar Dath, 1970 gebuer, ass Schrëftsteller, Journalist an Iwwersetzer. Hie schwätzt iwwer säi Roman "Venus siegt" / © Marc Lazzarini

RTL

D'Raphaela Edelbauer huet fir hiere Roman "Dave" den éisterräichesche Buchpräis gewonnen / © Marc Lazzarini

RTL

De Maxime Allard gouf zu Lëtzebuerg gebuer, hie lieft a schafft elo zu London. Hien ass Spezialist fir kënschtlech Intelligenz. / © Marc Lazzarini

RTL

De BicherLieser a Co-Moderator vun dëser Gespréichsronn, de Jérôme Jaminet / © Marc Lazzarini

RTL

D'BicherLieserin a Co-Moderatorin vun dëser Gespréichsronn, d'Bea Kneip / © Marc Lazzarini

RTL

D'Kënschtlerin Yolande Koster huet d'Gespréich op-gezeechent! / © Marc Lazzarini

RTL

D'Gespréichsronn, am Bild festgehalen vun der Kënschtlerin Yolande Koster / © YoKo Graphics Foto: Bea Kneip