27.09.2022: Dee bekannten däitschen Auteur a Kolumnist liest aus sengem neie Buch an ënnerhält sech mam Literaturkritiker Jérôme Jaminet

D'Mardi Littéraires an Cité Bibliothéik sinn aus der Summerpaus erëm! Den Optakt vun der neier Saison mécht en Dënschdeg 27ste September de Kolumnist Harald Martenstein. Als Auteur huet hien sech mat Sachbicher a Romaner en Numm gemaach, ausserdem ass e bekannt duerch seng Kolumnen an der ZEITmagazin an an der WELT. Hie gouf ënner aneren mam Henri-Nannen-Präis, dem Egon-Erwin-Kisch-Präis an dem Theodor-Wolff-Präis ausgezeechent. Den Harald Martenstein gouf 1953 zu Mainz gebuer, hie lieft zu Berlin an an der Uckermark  A senge Kolumnen traut hien sech un all Thema erun, vu "Cancel Culture" iwwert d'Muecht vun de Virologen bis bei gender-gerecht Mathe! Den Harald Martenstein stéiert a provozéiert, dobäi ass hien ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt!

An der Cité Bibliothèque liest den Harald Martenstein de 27. September um 18.30 Uhr aus sengem neie Buch "Alles im Griff auf dem sinkenden Schiff. Optimistische Kolumnen" (C. Bertelsmann) an hien ënnerhält sech mam Literaturkritiker Jérôme Jaminet.