Den hollännesche Literatur-Star a Gewënner vum International Booker Prize huet sech mat senger Iwwersetzerin Helga Van Beuningen ënnerhalen

RTL

De Marieke Lucas Rijneveld ass 1991 am Nordbrabant gebuer a lieft haut zu Utrecht / © RTL/Bea Kneip

Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an ënnert dem Patronage vun der hollännescher Ambassade war Ausgangs September de Laureat vum International Booker Prize 2020 zu Lëtzebuerg op Besuch. Mat nëmmen 31 Joer ass de Rijneveld bis elo dee jéngste Gewënner vun dem prestigiéise Literatur-Präis an deen eenzegen Hollänner. Fir säi Roman "De avond is ongemak" (op däitsch: "Was man sät") war hien zesummen mat senger englescher Iwwersetzerin Michele Hutchison ausgezeechent ginn. Eng kleng literaresch Sensatioun!

De Roman gëtt aus der Perspektiv vun dem 10 Joer jonke Jas erzielt. Dat klengt Meedchen, dat an enger strikt reliéiser Famill opwiisst, gesäit, dass säi Papp amgaang ass, seng Liiblingskanengchen ze mäschten, an hat fäert, dass den Dieuwertje Chrëschtdag net iwwerliewe wäert. Hat bied zu Gott, dass hien dach léiwer säi Brudder soll stierwe loosse wéi seng Kanengchen. Kuerz drop kënnt d'Noochricht, dass säi grousse Brudder beim Schlittschongfueren duerch d'Äis gebrach ass. Den trageschen Accident wäert d'Famill fir ëmmer veränneren. Fir de Marieke Lucas Rijneveld ass "Was man sät" en immens perséinlecht Buch:

Marieke Lucas Rijneveld iwwer "Was man sät"

Marieke Lucas Rijneveld:Jo, dat ass e ganz perséinlecht Buch. Den Ausgangspunkt ass den Doud vum Brudder vun der Haaptfigur, dem jonke Meedche Jas. Dat hunn ech och selwer erlieft, mäi Brudder ass gestuerwen wéi ech 3 Joer al war an hien 12. Ech hu geduecht, ech kann un näischt anescht schaffen soulang ech dat net geschriwwen hunn. Dat ass en Element dat aus mengem eegene Liewe kënnt.  Ech hu 6 Joer laang dodru geschafft an ech hunn dacks geduecht ech wäert eppes aneres ufänken, mee et muss dat sinn, dat muss den Ufank vu mengem Wierk sinn

RTL

© Suhrkamp Verlag

E Wierk dat hien zäitgläich och an de Beräich vun der Poesie gefouert huet. 2015 koum säin éischte Gedichtband "Kalbskummer" eraus, 2019 den zweeten, mam Titel "Phantomstute". D'Poesie gesäit de Schrëftsteller, deen als Meedche gebuer gouf, an den sech eng Zäitlaang als non-binär bezeechent huet, ier hien sech fir déi männlech Pronomen entscheed huet, als eng Sich no der Welt an no sech selwer.

RTL

© Suhrkamp Verlag

Och en zweete Roman gëtt et mëttlerweil. "Mijn lieve gunsteling" war méintelaang op den hollännesche Bestsellerlëschten ze fannen, déi däitsch Versioun ass ënnert dem Titel "Mein kleines Prachttier" bei Suhrkamp erauskomm. Och hei bleift den Auteur, dee selwer an engem Bauerebetrieb opgewuess ass, a bis bis viru kuerzem och nach an dem Secteur geschafft huet, dem ländleche Milieu trei. An och hei gëtt et alles, mä keen idyllescht Landliewen. Erzielt gëtt aus der Perspektiv vun engem 49 Joer ale Vétérinaire, deen sech an e Baueremeedchen vu 14 Joer verléift. D'Lecture vun dësem Roman (grad esou wéi déi vum Rijneveld sengem Débutwierk) hannerléisst déif Spure beim Lieser. Et ass en erzielerescht Meeschterwierk, am Fong e laange Monolog an deem den Déierendokter sech ëmmer méi déif a senger Obsessioun verstréckt.

RTL

© Suhrkamp Verlag

Dem Rijneveld seng Wierker goufen a méi wéi 30 Sproochen iwwerdroen. De Marieke Lucas Rijneveld huet sech an der Abtei Neimënster mat senger däitscher Iwwersetzerin Helga Van Beuningen ënnerhalen. Si ass eng erfueren Iwwersetzerin déi scho vill bekannt Literaten aus dem Hollänneschen iwwersat huet, ënner aneren A.F.Th. van der Heijden, Margriet a Marente de Moor an de Cees Nooteboom. Och si huet e sëlleche Präisser opweises, zum Beispill gouf si fir hir Iwwersetzung vum Rijneveld sengem Débutroman "Was man sät" mam Staelener Übersetzerpreis der Kunststiftung NRW ausgeezeechent a gouf och fir hiert Lieweswierk als Iwwersetzerin belount. Dobäi mécht si sech hir Aarbecht net liicht. Hir Aarbechtsphilosphie ass et fir esou no wéi méiglech um Original ze bleiwen.

Helga Van Beuningen iwwer d'Aufgab vun der Iwwersetzerin

Helga Van Beuningen:Ich empfinde, dass es eigentlich die Aufgabe einer Übersetzung, einer literarischen Übersetzung ist, sich dem Original anzuverwandeln. Es wird natürlich zwangsläufig auch ein eigenständiges neues Werk, aber ich sehe mich doch überwiegend im Dienste des Autors. Mit meinem Einfühlungsvermögen, mit meinem Verständnis der Ausgangssprache, mit meinen eigenen sprachlichen Fähigkeiten, stelle ich mich in den Dienst dieser Aufgabe. 

Eng Aufgab déi d'Helga Van Beuningen mat Bravour gemeeschtert huet. Besonnesch am zweete Roman, an dem d'Säz dacks iwwer eng ganz Säit ginn (sech awer trotzdem ni als ze laang ufillen) war et eng Erausfuerderung fir net nëmme grammatikalesch an der Riicht ze bleiwen, mä och de Floss vum Originaltext erëmzeginn. En neie Roman wier schon an der Maach, wéi de Marieke Lucas Rijneveld ze verstoe ginn huet, et kann ee sech nëmme wënschen, dass si och deen iwwersetze wäert.   
Déi heemlech Staren am Rijneveld senge Bicher sinn ëmmer och d'Blaarkoppen, d'Kéi, déi méi wéi nëmmen déi ekonomesch Grondlag vun de Bauerebetriber duerstellen. D'Leit déi nom Gespréich an der Abtei Neimënster an der Rei stoungen fir hir Bicher signéieren ze loossen, kruten net nëmmen eng Ënnerschrëft vum Auteur an d'Buch, mä och e Stempel...mat enger Kou drop. All ze vill Detailer wollt den Auteur verständlecherweis nach net iwwer säin nächst Wierk verrooden, mä ëmmerhin esou vill war gewuer ze ginn: et solle wuel Déieren dra virkommen, awer keng Kéi. An et muss och net méi alles just am ländlechen Holland spillen. Wann dat neit Buch déiselwecht literaresch Qualitéit erreecht wéi seng Virgänger, kann een sech nëmmen drop fréeën! Et muss een sech allerdengs och drop astellen, dass dem Rijneveld seng Bicher keng einfach Lecture sinn, an dat huet näischt mam Schreifstil ze dinn, deen absolut accessibel a flësseg ze liesen ass. Mä grad well hien esou gutt schreift, geléngt et him, déi bedréckend an dacks morbid Atmosfär eriwwerzebréngen an der seng Personnagen evoluéieren. Dat gefällt sécher net jidderengem, mä dat muss et jo och net.

RTL

D'Helga Van Beuningen, 1945 gebuer, huet scho vill hollännesch Auteuren op Däitsch iwwersat. Fir hir Iwwersetzungen huet si e sëlleche Präisser gewonnen. / © RTL/Bea Kneip