
© Atelier Kannerbuch
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Billerbuch fir de Schoulufank: D'Moundkaz an ech
Plënneren an an eng nei Schoul ze goe kann engem schonn e bëssen Angscht
maachen … D’Moundkaz hëlleft dem Patty, de Courage ze fannen, fir sech op déi nei
Situatioun anzeloossen an op dat neit Abenteuer mat Virwëlz zouzegoen.
Eng liicht a berouegend Geschicht iwwert d’Kraaft vun der Imaginatioun fir Kanner
ab 3 Joer, déi virun engem Neiufank stinn.
Geschriwwen an illustréiert vum Lydia Corry.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
32 Säiten - Din A4 Format
978-99987-896-7-8
Am meeschte gelies