
© Jérôme Jaminet
Am neitsten Episod vum Podcast RTL BicherLies maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip nees d'Diere vun hierer Weltbibliothéik op.
Et ass derwäert, sech an déi ukrainesch Literatur eranzeliesen! Dat ass de Fazit vum Jérôme Jaminet a vum Bea Kneip, nodeems si sech mat de Wierker vun engem Serhij Zhadan, Tanja Maljartschuk oder Andrej Kurkow beschäftegt hunn. An op der Frankfurter Buchmesse konnten si suguer en Interview mam Andrej Kurkow, dem Auteur vu "Graue Bienen", a ganz rezent op Däitsch iwwersat, "Samson und Nadjeschda" ophuelen! Ausserdeem sinn si 3 ganz engagéierten Damme begéint, déi matgehollef hunn tëscht Mäerz an Abrëll vun dësem Joer eng ukrainesch Bibliothéik am Rollengergronn op d'Been gesat hunn.


Den Andrej Kurkow op der Frankfurter Buchmesse 2022 / © RTL/Bea Kneip

D'Oksana, d'Kateryna an d'Angela engagéieren sech fir déi ukrainesch Literatur / © RTL/Bea Kneip

Et ass nach Plaz fir Bicher: déi ukrainesch Bibliothéik freet sech iwwer all Don
Weider Informatiounen iwwer d'Bibliothéik um Site vu LUkraine a.s.b.l.
Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:
"Internat" Serhij Zhadan (Suhrkamp)
"Der Himmel über Charkiw" Serhij Zhadan (Suhrkamp)
"Blauwal der Erinnerung" Tanja Maljartschuk (Kiepenheuer & Witsch)
"Gleich geht die Geschichte weiter, wir atmen nur aus" Tanja Maljartschuk (Kiepenheuer & Witsch)
"Graue Bienen" Andrej Kurkow (Diogenes)
"Samson und Nadjeschda" Andrej Kurkow (Diogenes)
"Tagebuch einer Invasion" Andrej Kurkow (Haymon Verlag)
"Radio Nacht" Juri Andruchowytsch (Suhrkamp)
"Kleine Geschichte der Ukraine" Andreas Kappeler (C.H.Beck Verlag)
"Vielleicht Esther" Katja Petrowskaja (Suhrkamp)
"Im Menschen muss alles herrlich sein" Marianna Salzmann (Suhrkamp)
"Sie kam aus Mariupol" Natasha Wodin (Rowohlt Verlag)
"Eine Formalie in Kiew" Dmitrij Kapitelman (Hanser Verlag)
D'Angela Domasyova vun der ukrainescher Bibliothéik recommandéiert ausserdem Bicher vun:
Oksana Sabuschko (gebuer 1960 hiren Essay "Die längste Buchtour" ass ganz rezent am Literaturverlag Droschl erauskomm)
Ljubko Deresch (gebuer 1984, seng Bicher sinn op Däitsch bei Suhrkamp erauskomm)
Andrij Ljubka (gebuer 1987, Dichter, Essayist an Iwwersetzer)


Team BicherLies / © Lynn Berchem