De 17ten November ass de Lambert Schlechter am LGL op Besuch.

En Donneschdeg 17ten November ass de Lambert Schlechter vun 18h30 bis 20h30 an der Salle de Lecture vum Stater Jongelycée op Besuch. Hie wäert aus senge Bicher virliesen a sech mam Professer Frank Wilhelm vun der Uni Lëtzebuerg iwwer säi Wierk ënnerhalen. En Iwwerbléck iwwer dem Lambert Schlechter säi Wierk an de leschte 40 Joer kritt een zum Beispill och an der neitster Publikatioun mam Titel "Le Murmure du Monde - 40 ans d'écriture" déi bei den éditions Phi erauskomm ass. 
D'Evenement ass op fir de grousse Public.

RTL