
De SCRIPT an den ZLS publizéieren eng Schouleditioun vum 'Reenert'
Fir den 150. Anniversaire vun der éischter Publikatioun vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk 'Reenert' hunn de SCRIPT an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesummen eng nei Schouleditioun opgeluecht. Si baséiert op dem Originaltext vun 1872, deen an déi haiteg Orthografie gesat gouf.
Am Buch fënnt een och zwee grouss Essayen: deen ee setzt sech mat der Biografie vum Auteur auserneen an deen anere mat der Déierefabel als literarescht Instrument fir Gesellschaftskritik.
Déi 14 Gesäng ginn allkéiers vun engem Commentaire ergänzt, deen den historeschen a politesche Kontext vun der Zäit beliicht. Doriwwer eraus ginn eng 900 Wierder, déi haut net méi jiddwerengem geleefeg sinn, erkläert. Last not least gëtt all Gesank ageleet vun enger fuschneier Illustratioun, déi déi jonk Lëtzebuerger Kënschtlerin Mia Kinsch realiséiert huet.
Net ze vergiessen: De Reenert schwätzt elo och Englesch. De Jeff Thill huet dem Fuuss seng Geschichten am Shakespeare seng Sprooch iwwerdroen.
An der Serie 'Lëtzebuerger Wuertschatz', déi vum ZLS a vum SCRIPT editéiert gëtt, kënnt ganz geschwënn de véierte Band eraus: 'Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert'.
(Text: Script)