Dei nei Geschicht fir Kanner, geschriwwen a faarweg illustréiert vum Renée Weber

D’Lou huet moies d’Riddo vun der Fënster opgezunn an deen éischte Moment näischt méi gesinn. Alles war wäiss dobaussen. Wéi hatt méi genee gekuckt huet, huet et gesinn, datt dat Wäisst Millioune vu Schnéiflacke waren, déi d’Landschaft virun der Fënster an eng wäiss Märchewelt verwandelt hunn.
„Endlech Schnéi!“, huet d’Lou geruff a vu Freed an d’Hänn geklappt. Dee ganze Wanter hat hatt op Schnéi gewaart, mee et war ëmmer gro a reenereg dobausse gewiescht.
Séier wéi de Blëtz huet hatt sech ugedoen an ass d’Trapen erofgelaf. Bei der Hausdier stoung d’Lilly, dem Lou säi klengen Hond, schonn op hatt ze waarden.
„Lilly, et schneit“, huet d’Lou geruff.

Kannerbuch

Sprooch: Lëtzebuergesch

Op der Lay 
1. Oplo 2022
48 Säiten
ISBN: 978-2-87967-260-1
Verëffentlecht den 19.11.2022
Format: Hardcover
18,90€