
De Jurymember Jeff Schinker moderéiert eng Gespréichsronn tëscht de Laureaten / © RTL/Bea Kneip
D'Laureaten heeschen John-Paul Gomez, Guy Helminger, Elise Schmit an Zeynep Celik
44 Manuskripter hat d'Jury vum concours littéraire 2022 um Schreifdësch leien, 40 an der Kategorie "erwuessen Auteur(inn)en" a 4 an der Kategorie vun de Jonken tëscht 12 an 19 Joer. Dee mat 5000€ dotéierten éischte Präis goung un eng Kuerzgeschichtesammlung op Englesch. De gebiertegen US-Amerikaner John-Paul Gomez konnt mat "The Idiot of St.Benedict" iwwerzeegen, engem Spill tëscht Realismus, Dystopie a Surrealismus, wéi et an der Begrënnung vum Jury heescht. De Lieser vun eisem engleschsproochegen Internet-Site RTL Today dierft den J.P.Gomez keen Onbekannte sinn, hien ass den Auteur vun der satirescher Rubrik "The Luxembourg Wurst".

Den John-Paul Gomez / © RTL/Bea Kneip
Den zweete Präis war fir de Guy Helminger, fir säi Kuerzgeschichteband "Das Geräusch der Stillleben". De Guy Helminger ass momentan an enger Autoreresidenz zu Istanbul. Hie konnt säi Präis also net perséinlech entgéinthuelen, gouf awer bäigeschalt.

De Guy Helminger war vun Istanbul bäigeschalt / © RTL/Bea Kneip
D'Elise Schmit schreift normalerweis am léifsten op Däitsch, mat hiere Recueil "Perfect Spheres - Stories and Complaints" huet si awer eng Ausnam gemaach an domat den drëtte Präis gewonnen.

D'Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht der Elise Schmit de Präis / © RTL/Bea Kneip
An der Kategoie vun de Jonken tëscht 12 an 19 Joer gouf et e Prix d'Encouragement fir Zeynep CELIK fir hire Recueil "Do Women Love?"

D'Zeynep Celik huet sech iwwer hiere Präis gefreet / © RTL/Bea Kneip
Dass Englesch hei zu Lëtzebuergesch ëmmer méi zur Literatursprooch gëtt, konnt och de Jurypräsident Pascal Seil confirméieren. Vun de 44 Manuskripter waren der 18 op Englesch. An der Jury waren dëst Joer d'Mylène Branco, d'Marion Rockenbrod, de Jeff Schinker, de Pascal Seil (Präsident) an de Jeff Thoss,
Musikalesch encadréiert gouf den Owend vum Pianist Arthur Possing.
De Communiqué vum Kulturministère mat der Begrënnung vum Jury
Fir de Concours Littéraire 2023 ginn déi bescht Dréibicher gesicht. D'Projeten kënne bis den 12te Juni 2023 agereecht ginn, op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch.