De Literatourconcours fir Jonker vun 12-26 Joer gëtt 2023 fir d'8te Kéier organsiéiert.

D'Editioun 2022 vum Prix Laurence gouf vun der Gemeng Beetebuerg am Kader vum LiteraTour a vun Esch 2022 organiséiert. De Concours krut domat och eng europäesch Dimensioun, well net nëmmen Auteur(innen) aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, mä och aus Kaunas (Litauen), der Partnerstad vun Esch 2022 , an och aus de Partnerstied vun der Gemeng Beetebuerg, Valpaços (Portugal) an Flaibano (Italien) deelhuele konnten. 168 Jonker hunn am ganzen 239 Texter ageschéckt.
 
D'Anthologie vum Prix Laurence 2022 mat de Beiträg vun de Laureat(inn)en a Finalist(inn)en gouf den 8ten Dezember am KulTourhaus zu Hunchereng präsentéiert. De selwechten Owend ass och d'Editioun 2023 offiziell lancéiert ginn. Och dës Kéier kënnen nees Auteur(inn)en aus Litauen, Italien a Portugal deelhuelen. D'Texter an den Alterskategorien 12-17 Joer an 18-26 Joer kënne bis de 15te Mäerz 2023 iwwer d'Websäit www.prixlaurence.lu erageschéckt ginn. 7 Sprooche sinn zougelooss: Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Litauesch, Portugiesesch an Italienesch. D'Texter déi op Litauesch, Portugiesesch an Italienesch verfaasst sinn, gi vu Juryen an de respektive Länner preselektionnéiert.

Déi Lëtzebuergesch Jury setzt sech zesummen aus dem Präsident Pit Hoerold an de Memberen Vesna Andonovic, Jérôme Jaminet, Christiane Kremer, Christine Mandy, Antoine Pohu an Thomas Schoos.

Déi grouss Finall ass e Samschdeg 22sten Abrëll an e Sonndeg 23sten Abrëll 2023 zu Beetebuerg.

Weider Detailer an all d'Texter sinn um Site www.prixlaurence.lu ze fannen