
De Roland Kayser (éditions Phi) trëtt d'Nofolleg vum Ian de Toffoli (Hydre éditions) un.
No 4 Joer gëtt et e Changement am Comité vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren. De Roland Kayser vun éditions Phi, engem Verlag deen zënter de 70er Joren Bicher a ville verschiddene Genren (Roman, Poesie, Kannerbicher, etc) erausbréngt, iwwerhëlt d'Presidence vum Ian de Toffoli (Hydre éditions). De Ian de Toffoli wäert sech zesumme mam Marc Binsfeld vun den éditions Guy Binsfeld de Poste vum Vizepresident deelen. Tresorière gëtt d'Anne-Marie Reuter (Black Fountain Press) an de Christophe de Jamblinne vu PersPektiv Editions gëtt Sekretär. Weider Comitésmemberen sinn d'Susanne Jaspers (capybarabooks), d'Doris Bintner (Op der Lay), de Miguel Fernandes (éditions Schortgen) an d'Maria Grazia Galati (Passa Parola)