De 24ste Januar um 17h30

D’BnL empfänkt méi wéi 600 Lieser pro Dag an ass domat e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. D'Lieser  kommen dohinner fir ze léieren, ze recherchéieren oder einfach just e rouege Moment ze genéissen.

2023 wëll d'BNL nach méi mam Public interagéieren a wëll de Leit hir Visioun esou ewéi och d‘Projeten un deene si schaffe méi no bréngen. Dofir proposéiere si eng Online-Spriechstonn mam Claude D. Conter, dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, wou Dir net just Froe stellen, mee och Är Iddie fir d’BnL äussere kënnt.

Wéi eng Zeitungen ginn deemnächst digitaliséiert? Firwat huet de Portal a-z.lu am November 2022 geännert? Firwat kann ee verschidden Dokumenter net mat heem huelen? D‘BnL steet Iech Ried an Äntwert de 24. Januar 2023 vu 17.30 Auer un via Livestream op hirer Facebook-Säit.

Dir kënnt och gären Är Froen am Viraus iwwer Facebook Messenger oder iwwert d'Websäit vun der BNL duerchginn.

Eng zweet Séance (am Presentiel) ass fir de Samschdeg 4te Februar um 11h00 an der Nationalbibliothéik geplangt. Hei kann ee sech fir dës Séance aschreiwen: