E lëtzebuergescht Kannerbuch mat zwou Haaptfiguren, dem Kanéngche Karlo an der Gäns Gemma

„Waasser kennt dach aus dem Krunn, oder net?“ ass ee lëtzebuergescht Kannerbuch mat zwou Haaptfiguren, dem Kanéngche Karlo an der Gäns Gemma. De Karlo an d’Gemma wëllen zu zwee méi iwwert d’Waasser erausfannen, an entdecken op hirer Rees déi verschidde Problematike ronderëm dat blot Gold: d’Waasser als limitéiert Ressource, Waasserverschmotzung a Waasserverbrauch. D’Moral vun der Geschicht ass dat besser op dës Ressource opgepasst muss ginn.

D'Autorin Martine Konijnenberg ass  Enseignante am Enseignement fondamental. Nodeems si 2019 hire Bachelor zu Bréissel gemaach. Si huet ee Joer zu Lëtzebuerg als Léierin geschafft an dono ee Master a „Outdoor and Sustainability Education“ un der Linköping University a Schweden ofgeschloss. Duerch dëse Master gouf si inspiréiert de Kanner Nohaltegkeet duerch Geschichte méi no ze bréngen.

Et ass Buch aus Kartong an domat och fir klénge Kanner virzeliesen ass.

Verfügbar op shop.revue.lu

16-Säit Pappbillerbuch

Format: 23,5 x 18,4 cm Querformat

Sprooch: Lëtzebuergesch

Präis: 16,50 €

ISBN-13:  978-99959-45-62-6

© by Editions Revue s.a., Esch-sur-Alzette, 2023