
© édtions Guy Binsfeld (Foto Guy Rewenig) an Tun Schlechter (Foto Pit Schlechter)
Dënschdeg, den 28ste Februar um 19h30 am CNL zu Miersch
Et geet vill ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Wierk De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis Pictus vum Pit Schlechter (Kremart Edition 2022) an am Roman Schnatt vum Guy Rewenig (Éditions Guy Binsfeld 2022): Déi zwee Auteurë liese virun allem Passagen, déi dës Gemeinsamkeet eraussträichen – och wann déi zwee Bicher formal an inhaltlech ganz verschiddenaarteg sinn.
Tëscht hire kuerze Liesungen diskutéieren d’Auteurë mateneen, e.a. iwwert déi ongesond Vermëschung vu Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus, iwwert den allgemenge Verloscht vun der Ironiefähegkeet an iwwert Identitéitspolitik (Stéchwierder: “cancel culture” a “wokeness”). Et däerf een elo scho gespaant sinn, wat déi zwee “al wäiss Schreiwerte” Rewenig a Schlechter zu den aktuelle gesellschaftlechen Debatten bäizedroen hunn. Vläicht hu si et jo fauschtdéck hannert den Oueren a gräifen och am CNL zu hirer léifster Waff: der Satir.
Text: CNL