
© Kremart Edition
D'Frutz huet Reebéi immens gär. Méi wéi alles anescht wënscht et sech, datt et selwer een hätt. Dofir wëll et ee fänken – et gëtt eng Reebou-Fänkesch!
"Wéi een e Reebou fänkt" ass déi éischt Koproduktioun vu Kremart Edition mat Oxford University Press: D'Frutz huet Reebéi immens gär. Et ass frou mat hire blénkege Faarwen a mat hire geschwongene Formen. Méi wéi alles anescht wënscht et sech, datt et selwer een hätt. Dofir wëll et ee fänken – et gëtt eng Reebou-Fänkesch! Villes leeft dobäi awer net esou wéi geduecht an d'Frutz ka sech säi Wonsch just mat Kreativitéit a mat Virstellungskraaft erfëllen …
Naomi Jones (Text), Ana Gomez (Illustratiounen):
Wéi een e Reebou fänkt
ISBN 978-2-919781-38-6
32 Säiten
18 €
Erauskomm bei Kremart Edition