D'Maischen ass nach eemol esou virwëlzeg wéi d'anert Mol. Haut den Owend wëll se erausfannen, wat hir Frënn maachen, fir gutt ze schlofen.

Endlech ass en do, den Nofollger vum Guido Van Genechten sengem weltwäite Bestseller "Däerf ech an deng Lomp luussen?". An en heescht: "Däerf ech an däi Bett luussen?". D'Maischen ass nach eemol esou virwëlzeg wéi d'anert Mol a wëll nach ëmmer alles wëssen. Haut den Owend wëll se erausfannen, wat hir Frënn maachen, fir gutt ze schlofen. Se freet d'Daifchen, de klengen Elefant, de klenge Koala, d'Fierkelchen, d'Scheefchen an de klenge Mupp. D'Déieren hunn all hir eegen Aschlof-Tricken. En häerzegt Billerbuch mat e sëllegen Diwwie fir opzeklappen iwwer d'Zeremonie vum Schlofegoen an iwwer ënnerschiddlech Bettritualer. Fir Maisercher vun zweeanhallef Joer un. (Natierlech ass "Däerf ech an deng Lomp luussen?" och nach ëmmer ze kréien, et ass eng praktesch Hëllef beim Potti-Training.)

Guido Van Genechten: Däerf ech an däi Bett luussen?

ISBN 978-2-919781-42-3
28 Säiten
14,95 Euro
Erauskomm bei Kremart Edition