
© Editions Revue
Eis Zäit ass wierklech net fir ze laachen. Just dowéint ass e gudde Witz ower vläicht heinsdo eng giedeleg ‚Medezinn‘.
Mir kënne jo net alleguer e Witz éierbar verzielen; dacks brénge mir „d’Pointe“ schonn op deer falscher Plaz. Anerer bréngen aus engem Witz eppes wéi e klengt Theaterstéck fäerdeg.
Ass esou eng Schnok rhythmesch, am Takt, zerguttst verpaakt, da kann zesoe jidfereen se lëschteg à la ‚dem Jabo seng Kap / den Treschen Nikki vun doheem…‘ bréngen.
Am neie SCHNOKE-BUCH vum Lex Roth – a vum Carlo Schneider illustréiert – kritt dir dann elo eng 120 genësseg Witzen zervéiert…a jidfer guddem Bicherbuttek…fir 25 € , nach net emol de Präis vun engem Büffdeck.
(Pressetext vun éditions Revue)
Verfügbar op Revue.lu an an all guddem Bicherbuttek
Präis: 25 €
Softcover • 144 Säiten •
Format 13 x 20 cm •
ISBN-13: 978-99959-45-63-3