
Design: Laurence Gilbertz / © CNL
And the nominees are…En Owend mat der Shortlëscht vum Prix Servais
Zënter 1992 vergëtt d’Fondation Servais all Joer de Prix Servais un déi bedeitendst literaresch Publikatioun vum Joer virdrun. Fir d’Qualitéit an déi thematesch, sproochlech a formal Diversitéit vun der aktueller Lëtzebuerger Literaturproduktioun z’ënnersträichen, gëtt de Jury säit 2018 net just e Gewënner bekannt, mee och eng Shortlëscht mat fënnef remarkabelen Titelen.
Just e puer Deeg ier mir gewuer ginn, wien de Präis 2023 kritt, invitéiert de CNL déi fënnef nominéiert Auteur*innen, fir hir Wierker virzestellen, Extraiten ze liesen an iwwer hiert Schreiwen ze diskutéieren.
Et liesen a schwätzen:
Nico Helminger iwwer Tomas Bjørnstad Von der schönen Erde, Éditions Guy Binsfeld 2022
James Leader iwwer High Talk, Éditions Phi 2022
Carla Lucarelli iwwer Chantiers du désir, Éditions Phi 2022
Jérôme Quiqueret iwwer Tout devait disparaître, capybarabooks 2022
Guy Rewenig iwwer Schnatt, Éditions Guy Binsfeld 2022.
Moderatioun: Nathalie Jacoby, Tim Reuter a Pascal Seil
Source: Communiqué de presse CNL