De Jugendroman vun dem bekannten polnesch-israeleschen Auteur an enger lëtzebuergescher Iwwersetzung!

De Srulik huet 9 Joer a lieft mat senger Famill am Warschauer Ghetto. Wéi hie seng Mamm verléiert, huet hie keng aner Wiel méi wi fortzelafen. Mä och ausserhalb vum Ghetto ass et net einfach fir ze iwwerliewen.

Den Uri Orlev (1931-2022) huet selwer als Kand am Warschauer Ghetto gelieft, ier hien 1943 zesumme mat senger Tata a sengem Brudder an d'Konzentratiounslager Bergen-Belsen deportéiert gouf. Nom Krich hunn d'Bridder sech an Israel néiergelooss. Den Uri Orlev huet méi wéi 30 Kanner-a Jugendbicher geschriwwen, déi vun der Mirjam Pressler op Däitsch iwwersat goufen. "Lauf, Junge, lauf!" ass 2004 erauskomm a gouf 2014 vum Pepe Dankquart verfilmt. Dëse Roman läit elo an enger lëtzebuergescher Iwwersetzung vir, déi vum Jeanny Friederich-Schmit mat der Hëllef vum Marc Schoentgen a vum Lynn Heuschling realiséiert gouf. De Roman baséiert op den authenteschen Erliefnisser vum Yoram Fridman, dee 5 Joer al war, wéi de Krich ausgebrach ass, a mat 8 Joer alleng zeréckbliwwen ass.

"Laf, Jong, laf" vum Uri Orlev (Iwwersetzung Jeanny Friederich-Schmit, Marc Schoentgen, Lynn Heuschling)
Editioun Friederich-Schmit
ISBN 978-2-9199576-6-8
21€