Eisterräich ass dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse vum 27sten bis den 30sten Abrëll.

Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech mat der Literatur aus der Alperepublik ze beschäftegen! De Jérôme huet sech souguer druginn, fir de Motto vun der éisterräichescher Präsenz zu Leipzig op déi richteg éisterräichesch Manéier auszeschwätzen. "meaoiswiamia", dat ass guer net esou einfach! 
Wat sech hannert dem Motto verstoppt, wéi et dem Verlagswiesen an Eisterräich geet, a wéi eng Auteuren an Auteurinnen aus der Alperepublik een op kee Fall verpasse sollt, doriwwer hunn d'Bea an Jérôme sech natierlech och mat der Katja Gasser ënnerhalen. Ausserdeem hu si mat der Helena Adler, enger vun den aktuell erfollegräichste éisterräichesche Schrëftstellerinnen, iwwer hieren neie Roman "Fretten" geschwat, si diskutéieren iwwer dem Michael Köhlmeier seng Roadnovel "Frankie" an si hunn natierlech nach eng ganz Rëtsch Lies-Tipps mat am Gepäck!

Hei de Link op de komplette Podcast:

Weltbibliothéik: d'Literatur aus Eisterräich

Bicher-Lëscht:

"Frankie" Michael Köhlmeier (Hanser Literaturverlage)
"Die Wilderin" Sophie Reyer (Emons Verlag)
"Fretten" Helena Adler (Jung und Jung Verlag)
"Dschomba" Karin Peschka (Otto Müller Verlag)
"Diverse Wunder" Thomas Stangl (Literaturverlag DROSCHL)
"Mein Lieblingstier heisst Winter" Ferdinand Schmalz (S.Fischer Verlage)
"Monde vor der Landung" Clemens J.Setz (Suhrkamp Verlag)

RTL
RTL