Mat sengem engleschsproochege Gedichtband "High Talk" steet den James Leader op der Shortlëscht vum Servaispräis

Den James Leader lieft zënter 23 Joer zu Lëtzebuerg an ass och a literaresche Kreeser keen Onbekannten. Mat sengem Jugendroman "The Venus Zone" huet hien 2016 de Concours Littéraire National gewonnen an och fir seng Gedichter gouf hien ausgezeechent, ënner anerem mam Ballymaloe Poetry Award, engem renomméierte Poesiepräis an Irland. Den James Leader ass de Papp vun der Schrëftstellerin Anna Leader.
Am Interview verréit hie firwat hien eréischt elo mat "High Talk" säin éischte Gedichtband erausbruecht huet, firwat et him wichteg ass, dass seng Gedichter fir all Lieser accessibel sinn, a wéi et dozou komm ass, dass et hien op der Sich no engem sonnegen a waarme Klima ausgerechent op Lëtzebuerg verschloen huet.

Podcast: Dee kompletten Interview mam James Leader
RTL