
© éditions Schortgen
„Mir wëlle bleiwe wat mir sinn" gëtt am Feierwon gesongen, mee wat si mir dann iwwerhaapt?
„Mir wëlle bleiwe wat mir sinn" gëtt am Feierwon gesongen, mee wat si mir dann iwwerhaapt? Genee dës Fro stelle sech de Félix a seng Schwëster Mimi. Si wëlle méi iwwert hir Heemecht Lëtzebuerg wëssen an erausfannen.
Wärend engem Schulausfluch machen d'Geschwëster Bekanntschaft mat enger Lëtzebuerger Berüümtheet, déi mat hinnen eng eemoleg Rees duerch de Grand-Duché mécht. Zesummen entdeckt den Trio dat klengt Lëtzebuerger Land, vun der Stad an de Minett, laanscht d'Musel a bis erop an d'Ëislek - een onvergiesslecht Abenteuer!
(Text: Editions Schortgen)
"De Felix an d'Mimi - wëlle bleiwe wat si sinn!"
Text: Stéphanie Heuertz
Illustratiounen: Julie Redo
Erauskomm bei den Editions Schortgen
Hardcover, Format 21x30cm
32 Säiten
ISBN 978-2-919792-29-0
19,50€