
© RTL/Bea Kneip
"Die Menschen lachen den Krieg aus. Das ist vielleicht auch die einzige Möglichkeit, diesem Grauen irgendwie zu widerstehen." Tanja Maljartschuk
D'Tanja Maljartschuk, 1983 zu Iwano-Frankiwsk an der Ukraine gebuer, huet an hirer Heemecht als Journalistin geschafft, ier si 2011 op Wien emigréiert ass. 2009 ass mat „Neunprozentiger Haushaltsessig“ hiren éischten Erzielband op Däitsch erauskomm, 2013 de Roman „Biografie eines zufälligen Wunders“, 2014 „Von Hasen und anderen Europäern“, an 2019 de Roman „Blauwal der Erinnerung“. 2018 krut si den Ingeborg-Bachmann-Präis fir den Text "Frösche im Meer".
Ganz aktuell ass den Essay-Band "Gleich geht die Geschichte weiter, wir atmen nur aus" (Kiepenheuer und Witsch) aus deem si och bei hirem Besuch am Lycée Michel Lucius gelies huet. Bei dem Evenement dat vum Lycée Michel Lucius an Zesummenaarbecht mam Institut Pierre Werner a mat der Ënnerstëtzung vun der éisterräichescher Ambassade am Kader vum PASCH-Netzwierk, organiséiert gouf, huet si sech mam Literaturkritiker Jérôme Jaminet ënnerhalen.

De Jérôme Jaminet am Gespréich mat der Tanja Maljartschuk / © RTL/Bea Kneip
"Wie geht es Ihnen?" war déi éischt Fro déi de Jérôme Jaminet senger Interviewpartnerin gestallt huet. Dës Fro déi mir esou dacks als eng alldeeglech Floskel ugesinn, krut am Kontext vum Krich an der Ukraine eng ganz aner Bedeitung. Eng Fro déi d'Tanja Maljartschuk net gären héiert, well se vill Emotiounen eropbréngt, déi schwéier ze bewältege sinn. Zënter de Krich viru méi wéi engem Joer ausgebrach ass, hu vill vun hiere Frëndinnen hir Männer verluer, Männer déi virum russeschen Ugrëff an zivile Beruffer geschafft hunn, an déi vun engem Dag op deen aneren gezwonge waren, Zaldoten ze ginn.
D'Leed an der Ukraine huet awer net eréischt virun engem Joer ugefaangen, an och net 2014 mat der Annektioun vun der Krim. Schon an de fréien 1930er Joren huet den Holodomor, eng vum Stalin-Regime kënschtlech erbäigefouert Hongersnout, méi wéi 3 Millioune Mënschen an der Ukraine d'Liewe kascht. Et géif keng Famill an der Ukraine ginn, déi deemools net betraff gewiescht wier, sou d'Tanja Maljartschuk. An hierem Essay "Warum schreiben Sie nicht über den Holodomor?" mécht d'Tanja Maljartschuk genee dat: sie beschreift dat Onbeschreiflecht, sou wéi si et vun hierer Groussmamm, déi als Kand d'Hongerkatastrof iwwerlieft huet, erzielt krut. Dat Onbeschreiflecht, dat elo an enger anerer Form nees opgetaucht ass.
Ka Literatur eppes bewierken? D'Tanja Maljartschuk ass skeptesch, a weist dorop hin, dass dem Erich Maria Remarque säi Jorhonnertwierk "Im Westen nichts Neues" 1929 erauskomm ass. Eigentlech hätt ee missten denken, dass d'Mënschheet nom éischte Weltkrich eppes dobäigeléiert hätt. Trotzdeem ass knapps 10 Joer no der Publikatioun vun "Im Westen nichts Neues" en neie grujelege Krich ausgebrach.
Wéi ginn d'Ukrainer mat dëser neier Katastrof ëm, déi virun engem Joer iwwer si eragebrach ass? Ganz onerwaart fir de Public deen sech am Festsall vum Lycée Michel Lucius afonnt hat, war eent vun den Themë vum Owend Laachen an Humor. Dozou d'Tanja Maljartschuk:
"Ich glaube, dass Humor und Lachen das ist was den Ukrainern im Moment sehr hilft um nicht durchzudrehen. Mehr als ein Jahr Angriffskrieg und das ist sehr schwer, immer diesen Emotionen die jetzt alle auf uns zu kommen, alle möglichen, zu widerstehen. Das Lachen ist nicht nur für mich wichtig, sondern für viele in der Ukraine. Nicht umsonst ist Stand-Up Comedy in der Ukraine so extrem aufgeblüht im Moment, die Säle sind voll, die Menschen lachen den Krieg aus. Weil das ist vielleicht auch die einzige Möglichkeit, diesem Grauen irgendwie zu widerstehen. Wenn man nicht direkt an der Front ist, wenn man nicht direkt etwas machen kann, sondern für viele bedeutet das auch, einfach zu überleben, es ist schon ein Widerstand, verstehen Sie? Im Land zu bleiben, zu versuchen, das Leben weiter zu leben, das ist eine Art von Widerstand, dabei lacht man auch."
"Gleich geht die Geschichte weiter, wir atmen nur aus" vun der Tanja Maljartschuk ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm.

© Verlag Kiepenheuer und Witsch