
© Op der Lay
E Kannerbuch fir erwuesse Leit
DMalya ass grad emol 12 Joer al, awer an dësen 12 Joer schonn zu engem Monster ginn.
Esou gesäit dat op alle Fall säin Ëmfeld: seng Jofferen a Schoulmeeschteren, dPersonal aus der Maison relais an och all déi aner sëlleg Leit, déi sech ëm hatt a seng Famill bekëmmeren. DMalya stéiert de System, duerch seng Roserei, seng Onugepasstheet, seng Stuerheet, seng Gewaltausbréch. An der Schoul huet hatt keng Frënn, a mat senger Famill wëllt keen sech ophalen.
Wéi hatt mat sengen dräi Schwësteren an der Mamm virun engem vun där hire villen Amanten huet misse fortlafen, verstoppen si sech am Bësch a geroden do an een Donnerwieder. DMalya gëtt vu senger Famill getrennt a kënnt schliisslech bei e Buer, an deem de Goldie lieft, ee Goldfësch, mat deem hatt ganz frou ass, deen hatt awer viru laanger Zäit do ausgesat hat.
Firwat bass de heihinner komm, Malya?
Goldie, neen, ech hu keng Loscht, Mann! Net elo.
An ech hu keng Loscht, nach eng Kéier sechs Méint ze waarden. Malya, Goldfësch si virwëtzeg a liewen net esou laang wéi Mënschen.
Neen, am Eescht, ech hunn elo kee Bock, engem Goldfësch ze verklickeren, wat déi lescht zwee Deeg lass war. Vergiess et! Dat ass ze komplizéiert fir dech!
Dann eeben net. Ciao Malya!
A fort ass en. Verschwonnen, ënnert engem Steen. Ech doe meng Flip Flops aus a klammen an dat äiskaalt Waasser vum Ale Buer. Ale Buer, esou heescht déi schäisskal Quell wierklech, an déi ech de Goldie virun zwee Joer ausgesat hat. Ale Buer. Mann, voll lescht Joerdausend! Hanne bei enger Fielswand kënnt d’Waasser erausgelaf, eng Quell eeben, et spruddelt, blubb blubb blubb. Do virdrun ass ee grousst Becken, mat Sand um Buedem a Steng an esou, an do dra wunnt de Goldie elo.
Monster Malya
Roland Meyer
Kannerbuch fir erwuesse Leit
erauskomm bei Op der Lay
Täschebuch
156 Säiten
ISBN 978-2-87967-264-9