
« Kannerbicher fir erwuesse Leit » sinn eng Spezialitéit vum Schrëftsteller, Museker a Kabarettist Roland Meyer
Et brauch ee just un «Telmo», «Mango Panda » oder «Den décken dommen Dudu » ze denken. Mat sengem neiste Roman « Monster Malya » schléisst hien dorun un, a schwätzt e Problem un deen an eiser Gesellschaft net méi ze iwwersinn ass, dee vun der Gewalt. Gewalt déi dat 12 Joer aalt Malya erlieft, awer och selwer ausübt. No enger duebeler Katastrof a sengem Liewen verschwënnt hat vun der Bildfläch, a begéint beim Ale Buer dem Goldie, sengem Goldfësch deen hat zwee Joer virdrun do ausgesat hat. Iwwerdeems verzweiwelt nom Malya gesicht gëtt, erzielt hat dem Goldie an dem Elf Mo wéi et dozou komme konnt.
Am Interview erkläert de Roland Meyer wat et mam Konzept vum "Kannerbuch fir erwuesse Leit" op sech huet a wéi schwiereg et ass fir am Schoulalldag Kanner wéi dem Malya ze hëllefen.
