Du bass tëscht 14 an 20 Joer al an du wëlls un engem Kannerbuch matschaffen? Dann ass de BookAthon genee dat Richtegt fir dech!

Wat e Marathon ass, dat weess jiddereen, awer e BookAthon? Am Interview erkläeren d'Simone Mortini an d'Claudia Catini vum Service National de la Jeunesse (SNJ) wat et domat op sech huet.

Podcast Lecture vun heiheem iwwer de BookAthon
RTL

30 Jugendlecher gi gesicht fir an Equipen vun all Kéiers 3 Leit en eegent Kannerbuch ze schreiwen an ze illustréieren. De Projet u sech leeft vum 2ten bis de 4ten November am Makerspace am Forum Geesseknäppchen. Do geet et drëm fir an Zäit vu 24 Stonnen, dat natierlech verdeelt op déi 3 Deeg, e Kannerbuch ze schreiwen an ze illustréieren.  Dobäi ginn déi Jugendlech awer net alleng gelooss, si kréie schon am Virfeld e Coaching vun erfuerene Kannerbuchauteuren, Illustrateuren a Grafiker(innen). Vill Erfahrung muss een do net matbréngen, just Begeeschterung fir d'Saach an de Wonsch sengen zukünftege klenge Lieser tëscht 0 a 4 Joer eng Freed ze maachen!

RTL

© Service National de la Jeunesse