
© LOD
E Méindeg 19te Juni am Forum Geesseknäppchen
den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an den Här Jean Ensch, President vun der Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique vum Institut grand-ducal, invitéieren Iech häerzlech op d’Virstellung vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 a Presenz vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit e Méindeg, den 19. Juni ëm 18 Auer am Forum Geesseknäppchen.
Hei geet et bei d'Umeldung: http://www.edulink.lu/jer4
640 Säiten am A3-Format, 568 grouss Dialektkaarte mat Informatiounen doriwwer, wéi an den 1960er- an 1970er-Joren zu Lëtzebuerg geschwat gouf an zum Deel nach bis haut geschwat gëtt: De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 vum Alain Atten a vum Claude Schmit huet et a sech! Gutt zwee Joer gouf dru geschafft, elo ass en endlech do.
D’Christiane Kremer féiert duerch den Owend, dee vum Duo Orphée – Geneviève Conter, Harf, an Etienne Plasman, Flütt – musekalesch encadréiert gëtt.
Programm:
- Begréissung
- Riede vum Educatiounsminister Claude Meisch a vum IGD-LEO-President Jean Ensch
- Presentatioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
- Gespréichsronn mat den zwee Auteuren Alain Atten a Claude Schmit a mat zwou Linguistinnen aus dem ZLS, dem Nathalie Entringer an dem Sara Martin, iwwer d’Entsteeungsgeschicht vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
Ofgeschloss gëtt d'Buchvirstellung mat engem gemittleche Patt. (D’Buchpresentatioun ass eng ëffentlech Manifestatioun, op där gefilmt a fotograféiert gëtt.)
Jiddereen ass wëllkomm! Mellt Iech wgl. online u bis de 16. Juni 2023: http://www.edulink.lu/jer4.
D'Presentatioun vum neie Sproochatlas kann och als Ifen-Formatioun (Code D1-b-63) unerkannt ginn. De Link fir déi Aschreiwung fannt Dir hei: https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=283910.