
© éditions Guy Binsfeld
„Den Emil an d’Maschinn“ erzielt vun engem klenge Jong, deen am Fong guer keng Loscht hat, mat senger Klass an d’Konschtgalerie ze goen.
Den Emil wier vill léiwer op d’Plage gaangen, fir Muschelen ze sammelen. Wat hien awer méi laang am Musée ass an déi verschidde Konschtwierker betruecht, wat him méi Froen duerch de Kapp schéissen: Wat ass de Sënn hannert Biller vun alen Zoppendousen oder deene vun Aueren, déi schmëlzen? Op eemol gëtt den Emil besonnesch virwëtzeg. Iwwert engem Wierk, dat op d’mannst esou ausgesäit wéi eng Sëtzplaz, steet grouss un der Mauer: Ass dëst e Stull? Dës Fro léist eng Explosioun u Kreativitéit aus an den Emil versteet lues a lues, ëm wat et an der Konscht eigentlech geet …
"Den Emil an d'Maschinn"
(Originaltitel "Henri and the Machine")
Isabelle Marinov (Text)
Olga Shtonda (Biller)
op Lëtzebuergesch vum Martine Schoellen
Erauskomm bei den éditions Guy Binsfeld
ISBN 978-99959-42-99-1
32 Säiten
18,00€