
Dystopien ginn et der genuch! Am Solarpunk-Schreifconcours ginn optimistesch Zukunftsvisioune gesicht.
D'Internet-Plattform "Aner Welten" gëtt jonken Auteuren eng Geléeënheet fir hir Texter am Beräich speculative fiction ze verëffentlechen. D'Plattform déi vum Cosimo Suglia an dem Sandy Heep gegrënnt gouf, organiséiert elo e Schreifconcours fir "Solarpunk". Solarpunk ass souzesoen d'Géigendeel vun der Dystopie, hei ginn et keng däischter an depriméierend Geschichten, et gëtt no positiven Usätz gesicht, a virun allem: no Hoffnung!
Fir den Hierscht 2023 ass eng Solarpunk-Anthologie geplangt, an do kënnt Dir mat dobäi sinn! Nach bis de 15te Juli kënnt Dir Äeren Text op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch aschécken. De Concours ass op fir Leit déi zu Lëtzebuerg liewen an och fir Lëtzebuerger déi am Ausland liewen. Dir musst awer 18 Joer al sinn fir matzemaachen.
Déi 6 bescht Geschichten (Längt: maximal 3000 Wierder) ginn um Internetsite verëffentlecht, a kommen dann och an d'Anthologie, déi op de Walfer Bicherdeeg am November soll a Printform virgestallt ginn.
Dir wëllt méi wëssen? Da kuckt op www.anerwelten.lu oder um Site vum Solarpunk-Concours deen Dir hei am Link fannt:
De Site vum Solarpunk-Concours