Eng nei Elmar-Geschicht op Lëtzebuergesch, iwwersat vum Luc Marteling

D’Tatta Tzidoni krut vum Bopa Eldo e Kaddo fir den Elmar, mee elo weess si net méi, wat et war a wou e läit. Dem Tzidoni säi Gediechtnes léisst heiansdo ze wënschen iwwereg an et héiert och net méi esou gutt. Dofir maache sech den Elmar, dat klengt Rosa an d’Tzidoni zesummen op d’Sich nom Bopa Eldo, fir dee verluerene Kaddo erëmzefannen ...

 An der leschter Geschicht vum faarweg karéierten Elefant, déi den David McKee (1936–2022) nach viru sengem Doud geschriwwen a gemoolt huet, geet et ëm Léift, Gedold a Respekt an der Famill - mat Bléck op Theeme wéi Alzheimer oder Demenz. Wéi all déi aner Elmar-Geschichte gouf se op Lëtzebuergesch iwwersat vum Luc Marteling.

David McKee: Den Elmar an de Kaddo
Erauskomm bei Kremart édition

ISBN 978-2-919781-47-8 • 30 Säiten • 12,95 €

Zäitgläich mat der Elmar-Geschicht koum och d’Handpoppebuch "Schlof gutt, Elmar" eraus:

Dobausse fänkt et un, däischter ze ginn, an den Elmar fänkt un, midd ze ginn. Dofir sicht e sech eng Schlofplaz a begéint ënnerwee e sëllegen aner Déieren, bis en dat perfekt Bett fir sech fonnt huet. Nuecht!

Mat hirer Hand kënnen d’Kanner den Elmar sinn, Frënn begéinen an dat perfekt Bett fir e sichen.

David McKee: Schlof gutt, Elmar!
Erauskomm bei Kremart édition

Handpoppe-Buch • ISBN 978-2-919781-48-5 • 12 Säiten aus Kartrong • 16 €

RTL

© Kremart Edition

RTL

© Kremart Edition