
© éditions Guy Binsfeld
De präisgekréinte Roman, nei opgeluecht!
An der 4. Oplo, mat neiem Gewand an un déi nei Lëtzebuerger Rechtschreiwung ugepasst.
Dem Tullio Forgiarini säin éischte Roman op Lëtzebuergesch koum 2011 bei den éditions guy binsfeld eraus,
krut zwee Joer drop de European Prize for Literature, an ass 2015 ënnert dem Titel Bab(y)alone vum
Donatu Rotonnu verfilmt ginn. Zënterhier gouf d’Buch a 5 verschidde Sproochen iwwerdroen, dorënner
Serbesch, Italienesch an Däitsch.
Méi wéi 10 Joer begleet dëst Wierk Jonker schonn an de Schoulen, dowéinst fënnt een zënter Kuerzem och de
Film op der securiséierter Léierplattform fir d’Schüler, grad ewéi een dozougehéierege Cahier pédagogique.
Virun dësem pädagogeschen Hannergrond, ass déi wuel wichtegst Ännerung fir d’Lieser bei dëser 4. Oplo
d’Upassung un déi nei Lëtzebuerger Rechtschreiung vun 2019/2020. Donieft gouf och de Cover ugepasst:
Et ass elo en handleche Softcover, dee visuell un d’Serie vun eise Bicher glach gouf.
De Roman erzielt vun engem Jong ouni Kolleegen, deen d’Schoul fir ze katze fënnt, grad wéi seng Mamm an hir
Villzuel u Libhaberen. E steet mam Fouss an der Dier vun Dräibuer, seng lescht Chance dach nach d’Kéier ze
kréien ass d’Auszäit, ee Programm fir verhalensopfälleg Schüler. Mee de Mangel u Perspektiv op eng besser
Zukunft, op sozialen Halt a Kombinatioun mam Shirley, engem Meedchen, dat seng Hormoner kache léisst,
féieren dozou, dass all gutt Virsätz verworf ginn a sou lafe se zesummen hirem Ofgrond entgéint …
Déi 4. Oplo vun Amok. Eng Lëtzebuerger Libeschronik ass ab dem 27. Juli an all de Librairien
an op editionsguybinsfeld.lu ze fannen!

© Heiko Riemann
Den Auteur
Den Tullio Forgiarini, Joergang 1966, huet zu Stroossbuerg Geschicht studéiert an ënnerriicht zënter 1989
Geschicht, Geografie a Latäin am Lycée du Nord, dëst ënner anerem a Spezialklasse fir verhalensopfälleg
Schüler.
Hie publizéiert zënter méi wéi 20 Joer Texter aus verschiddene Genren, ënnert anerem Theaterstécker an
Dréibicher, dat haaptsächlech op Franséisch a Lëtzebuergesch. Dobäi bestieche seng Texter dacks duerch säi
schwaarzen Humor an den Ëmgang mat sozialkriteschen Theemen.
TULLIO FORGIARINI
AMOK
Eng Lëtzebuerger Libeschronik
128 Säiten, 128 x 210 mm
Softcover
ISBN 978-2-919822-03-4
18 €