De Marc Weydert erzielt Mäerercher a Seechen op seng Manéier: verdruddelt an zerknujelt!

Fir hir "Verdruddelt Geschichten" goufen den Auteur Marc Weydert an d'Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mam éischte Präis am nationale Literaturconcours ausgezeechent. Nodeems si mat hire verdréinte Mäerercher Grouss a Kleng zum Laache bruecht hunn, ass elo mat den "Zerknujelte Geschichten" en zweete Band erauskomm. De Marc Weydert ass haut den Invité an der Lecture vun heiheem.

"Verdruddelt" an "Zerknujelt" Geschichten: De Marc Weydert am Interview

Am Interview erzielt de Marc Weydert ausserdem och vu sengem Cabaretsprogramm "Lët'z Druddel" , vu senger Zesummenaarbecht mat der Zeechnerin Marie-Isabelle Callier, an hie sicht schonn no Iddien fir en eventuellen drëtte Band vu senge "verkéierte" Mäerercher. 
Déi verdruddelt an zerknujelt Geschichten si vum Marc Weydert geschriwwen, a vun der Marie-Isabelle Callier illustréiert ginn. Béid Bicher si bei Perspektiv éditions erauskomm.
Iwwregens: den nächste literaresche Kabaret fir Erwuessener ass e Mëttwoch den 30sten August an der Stad. De RDV ass um 18h30 am Haff vun der aler Nationalbibliothéik an der Ënneschtgaass, am Kader vun "D'Stad liest". Den Entrée ass fräi!