Den Timo rett eng Sonneblumm

„Den Timo ass aacht Joer al an hie ass immens frou mat Blummen. D‘Sonneblummen huet hien am allerléifsten. Dacks huet hien d’Sonneblummekand, dat bei der Eisebunn op engem Hiwwel am Buedem stoung, besicht. D‘Sonneblummekand war nach ganz jonk an huet sech all Dag op en Neits un der Sonn erfreet. Enges Mueres ass e groussen, giele Bagger gefuer komm an huet de Buedem ewechgeschëppt an an e Camion gekippt. Den Hiwwel ass ëmmer méi gerutscht, bis och d’Sonneblummekand mam Gesiicht no ënnen am Camion louch. Mee dat konnt den Timo net zouloossen. Keng Blumm soll esou noléisseg behandelt ginn a scho guer net seng léif Sonneblumm...“

D'Henriette Maloue Nittel gouf den 29. Juli 1958 zu Lëtzebuerg gebuer. 2012 krut si de Lëtzebuerger Buchpräis fir d’Buch „ De Mann aus dem Séi „

Si huet schonns eng ganz Rei Bicher publizéiert:

Lillys Reise ins Ungewisse 

Den Tigerche Mischi

Kuerzgeschichten:

Sébastian ( Unglaubliche Begegnungen)

Das  Licht ( Am Ende der Lichtung)

Berufung ( Seelenfeuer)

(Pressetext vun den éditions Revue)

Präis:  21€

ISBN-13: 978-99959-45-64-0

Sprooch: lëtzebuergesch

Illustratiounen: Luss Meyer

Hardcover

Format: 210 x 210 mm

48 Säiten

Erauskomm bei éditions Revue