
© éditions Schortgen
"Gréidi - Mobbing a Frëndschaft um éisleker Bauerenhaff" E Kannerbuch mat onverëffentlechten Zeechnungen vum Roger Leiner
Och um Bauerenhaff zu Beeler hunn d’Zäite geännert.
Dem Trakter gehéiert Zukunft an d’Ardennerpäerd Gréidi gëtt net méi gebraucht.
Hatt fänkt un – wéi et an esou Fäll alt emol virkënnt – ëmmer méi ze friessen: moies, mëttes an owes an natierlech och tëschenduerch alt nach eng Klengegkeet. Bis d’Gréidi sech selwer net méi leide kann an als dat Déckt Gréidi gemobbt an ausgegrenzt gëtt. Mat engem eenzege Saz spréngt hatt dann awer erëm an d’Häerzer vun deenen aneren ...
Fir Kanner vu 6 Joer un
Erauskomm bei den éditions Schortgen
Dëst Wierk widmet de Peter Udelhoven sengem ze fréi verstuerwene Frënd
Roger Leiner
Gréidi - Mobbing a Frëndschaft um Éisleker Bauerenhaff | Peter Udelhoven & Roger Leiner | |
22,00 € | |
| |