
© éditions Guy Binsfeld
Fir de 25. Gebuertsdag vun ALAN ASBL – Maladies Rares Luxembourg ass d’Kannerbuch Toni Konfettoni entstanen.
Fir de 25. Gebuertsdag vun ALAN ASBL – Maladies Rares Luxembourg ass d’Buch Toni Konfettoni an Zesummenaarbecht vun der Schrëftstellerin, zweefach Gewënnerin vum Concours littéraire national an ALAN-Präsidentin Anja Di Bartolomeo, an der Illustratrice Snejana Granatkina entstanen.

Anja Di Bartolomeo / © Heiko Riemann

© Heiko Riemann
Ee Buch iwwert ee liewensfroue Fuuss, deen duerch eng kierperlech Verännerung op eemol ausgegrenzt gëtt a sech nees zréck a säin normaalt Liewe wënscht. Den Toni ass ee Fuuss, dee seng Fuussefrënn mat senger gudder Laun, sengem Danzen a sengem Laachen ëmmer eng fuusseg Freed mécht. Mee enges Daags kribbelt et an de Been an déi kleng Seechomessen an de Patte loossen hie bemol net méi sou héich sprange wéi soss an och danze kann hien net méi. En huet einfach keng Energie a keng Kraaft méi. An da fänkt en och nach u faarweg ze ginn: Lauter Tëppele maache sech op sengem Pelz breet a loossen e ganz eegenaarteg ausgesinn. – Wéi wann dat net alles scho schwéier genuch ze erdroe wier, zéie seng Frënn sech zréck, si wëllen net méi mat hirem Frënd spillen a kënnen näischt mat deem „Konfettimonster“ ufänken. Den Toni fillt sech eleng a wënscht sech näischt méi, wéi erëm esou ze sinn, wéi déi aner. Mee wéi soll dat goen? Kann d’Zaubermaus Kamella Pop him dobäi hëllefen? Oder gëtt en anere Wee, fir esou akzeptéiert ze ginn, wéi en elo ass? ALAN ass d’Ulafstell fir Kanner an Erwuessener mat enger sielener Krankheet, wou zënter 25 Joer Hëllef an alle Beräicher ugebuede gëtt. Fir hiren Anniversaire gouf dowéinst ee Projet realiséiert, deen op dat komplext Liewe mat enger rarer Krankheet opmierksam mécht. Am Kannerbuch „Toni Konfettoni“ geet et dowéinst ëm den Ëmgang mat rare Krankheeten, déi een dacks net op den éischte Bléck erkennt, oder versteet. Mee duerch Oppenheet an Akzeptanz kann all Mënsch zu enger Gesellschaft bäidroen, wou, jidderee seng Plaz fënnt, onofhängeg vu senge Konfettipunkten.
ANJA DI BARTOLOMEO / SNEJANA GRANATKINA
TONI KONFETTONI
56 Säiten
220 x 260 mm
Hardcover
ISBN 978-2-919822-00-3
22 €