
© éditions Guy Binsfeld
E WANTERBUCH FIR ZE KUCKEN AN ZE SCHMAACHEN Geschriwwen an illustréiert vum Diane Orban a Myriam Karels
D’Diane Orban an d’Myriam Karels goufen 2020 duerch de Gewënn vum Buchpräis an och dem Publikumspräis fir hiert éischt Buch bekannt. Dëst Joer bréngt den Duo net nëmmen ee Kannerbuch, mee ee Wanterbuch fir ze kucken an ze schmaachen op de Marché, ee Buch also, dat ee mat alle Sënner ka genéissen. Et rabbelt an der Broutgaass ass d’Geschicht vum Emma a vum Georges, déi erausfanne wëllen, wie vun hiren Nopere mam Kleeschen ënnert enger Decke stécht. Si wëllen, dass deejéinegen ee gutt Wuert fir si beim Hellege Mann aleet – well brav waren se net ëmmer, gestiicht hunn se der heiansdo, an trotzdeem wëllen se onbedéngt am Kleesche sengem Gëllene Buch bei deene Kanner stoen, déi sech geschéckt hunn. Wéi een do dra kënnt? Do hunn déi zwee schonn eng Iddi! Dowéinst gëtt gebastelt a gebak, drop an derwidder, et gëtt gehollef, gepotert a gespillt – mee dass hiren immensen, fantastesche Plang wierklech opgeet, doriwwer maache sech ëmmer méi Zweifele bei de Kanner breet. De Knoutermisch ass hir lescht Chance, mee wat da geschitt, domat hat sécher kee vun hinne gerechent ... Mam Emma a Georges gëtt et ni langweileg a sou kann een all déi flott Saachen, déi d’Zwillingen am Laf vun der Geschicht maachen, selwer nobaken a -bastelen: Et fënnt een am Buch déi detailléiert Uleedungen, mat allem, wat een dofir brauch. Do donieft gëtt een zousätzlech nach eppes iwwert de Kleesche selwer gewuer: wou hien hierkënnt, wéi d’Traditioun ëm den Zinniklos, den Houseker oder och de Boxemännchen ugefaangen huet … All dat, an nach vill méi, fënnt een dësem Wanterbuch fir ze kucken an ze schmaachen. Freet iech mat eis zesummen op déi schéinsten Zäit am Joer!

Diane Orban / © Jean Huot

Myriam Karels / © Heiko Riemann
DIANE ORBAN / MYRIAM KARELS
ET RABBELT AN DER BROUTGAASS
64 Säiten
250 × 300 mm
Hardcover
ISBN 978-99959-42-98-4
24 €