
© Paul Heinesch
D'Fortsetzung vu "Branntewäin" (2021) ass do! D'Gendaarme vu Réimech sti schon an de Startlächer fir den nächste Fall an Ugrëff ze huelen.
D'Fro ass nëmme mat oder ouni eise Kommissar Jean-Paul Gauthier? Et weess een et net...
De Kommissär ass zeréck, also méi oder manner. Eisen amfong pensionéierte Kommissär, deen dem Doud nach grad sou vun der Schëpp gesprongen ass, kann einfach net d’Fanger vum neie Fall loossen. Viru kuerzem ass nämlech zu Schengen en Douanier spuerlos verschwonnen. Wéi et schéngt war hien eppes Grousses op der Spuer. Villäicht eppes mat d’Branntewäin? Wien weess… Op piddefall d’Gendaarmen, dorënner den Haaptermëttler Emile Kreuz, fréieren Aarbechtskolleeg vum Kommissär, sti virun engem grousse Rätsel. Datt si dobäi um hallwe Wee op e beemol vun engem alen, granzegen a pensionéierte Kommissär Hëllef géifen kréien, huet keen erwaart. Mais bon, sou ee stuere Bock, bleift och net doheem op der Fautel sëtzen. De Fall waart op hien!
(Pressetext vum Paul Heinesch)
"Branntewäin - De verwëllefte Keller"
Auteur: Paul Heinesch
ISBN: 978-99959-0-893-5
Säitenzuel: 260
Format: Héichkant A5
Standuert: Stadtbredimus
Verkafspräis: 15 Euro