Erzielwierk

Den Nico Helminger, dee scho mat diverse Präisser ausgezeechent gouf, dorënner de Servaispräis fir
Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge (2017) oder och de Batty-Weber-Präis fir säi
Liewenswierk (2014), ass duerch säi villfältegt Schafen net méi aus der Lëtzebuerger Literaturzeen ewechzedenken.
Hien ass bekannt dofir, mat der Form vun Text an de Grenze vun der Literatur ze spillen, a léisst dobäi säi
Wëssen aus der Weltliteratur, Theater, Kino a Konscht op ënnerschiddlech Aart a Weisen a seng Wierker afléissen.
Och a sengem neie 592-Säite-staarken Erzielwierk Kappgras huet en net domat gespuert, als strukturellt
Virbild gëllt hei de Kino, inhaltlech hëlt op en Neits d’Dekadenzgesellschaft op de Leescht a beim Liese stellt
sech ëmmer nees d’Fro: Kann dat wierklech sinn?
Ee Mann erwächt aus dem Koma. – Mat Hëllef vun Extraiten aus sengen ënner Pseudonym publizéierte Bicher
probéiert hien seng Biografie nees zesummen ze bastelen an trëtt dofir mat sengen Alter Egoe an den Dialog.
Dobäi stéisst en op laang vergiesse Kandheetserënnerungen aus dem Héngerstall; grotesk Schauspilllektiounen,
déi en dem Doud méi no bruecht hunn; seng Léift zu senger Fra, déi net méi seng Fra ass an och op al Bekannten
aus Jugendzäiten, déi korrupt Spillercher dreiwen.
En erënnert sech u Saachen, déi en net dierft wëssen an un Dokumenter, déi en net dierft gehat hunn a wéinst
deenen e sech elo do befënnt, wou en ass … Seng Rees duerch seng Memoirë féiert e bis op Paräis a Cannes, fir
dann nees an der haarder Realitéit zu Lëtzebuerg opzeschloen.
Seng Erzielunge sinn dobäi net ëmmer ganz stëmmeg, a stëmmen dach awer, sou dass ee sech froe muss:
Wien ass wierklech paranoid, hien oder déi aner?
Dem Nico Helminger säin Erzielwierk léisst déif an d’Ofgrënn vun der Gesellschaft blécken, stellt Kandheet,
Korruptioun a Kappkrankheeten an de Fokus, a weist, dass keng Fiktioun esou grotesk ka sinn ewéi d’Realitéit selwer.

RTL

© éditions Guy Binsfeld

Iwwert den Auteur:
Den Nico Helminger gouf 1953 gebuer. No senge Studien an der Romanistik, Germanistik an an den
Theaterwëssenschaften zu Lëtzebuerg, Saarbrécken, Berlin a Wien huet en eng Rei Joren zu Paräis am Lycée
ënnerriicht. Zënter 1989 lieft hien als fräie Schrëftsteller a féiert a senge literaresche Wierker d’Dekadenzgesellschaft
vir, hannerfreet de politeschen a soziale System an och de Sënn an Zweck vun der Kënschtlecher
Intelligenz. Dobäi gräift hien ëmmer rëm op säi Wëssen aus Kino, Konscht, Theater a Literatur zeréck an
experimentéiert mat Form, Inhalt an Identitéit – zënter 2018 publizéiert hien eng Serie ënnert dem Heteronym
Tomas Bjørnstad.

NICO HELMINGER
KAPPGRAS
Erzielwierk
592 Säiten
134 x 210 mm
Gebonne mat Schutzëmschlag a Liesbändchen
ISBN 978-2-919822-01-0
26 €