Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2023

D’Rommel Bommel an hir Frënn – dat ass en interaktiivt Kannerbuch, an deem sech alles ëm Geméis an Erliefnisser mat de fënnef Sënner dréint.
A véier Geschichten iwwer véier heemesch Zorte Geméis gëtt vum Wuesse bis d’Verschaffen all Schrëtt ënner d’Lupp geholl.
Fir dir nach méi Loscht ze maachen, eist regionaalt Geméis ze entdecken, fënns du an de véier Geschichten einfach a lecker Rezepter fir nozekachen.
Ob am Gaart, an der Kichen oder an der Stuff – et mécht iwwerall Freed, méi iwwer d’Rommel Bommel an hir Frënn gewuer ze ginn (an och mol eng Hand mat unzepaken)!
Ab 5 Joer.
(Pressetext vun Ernster Editions)

Mir wollte méi wëssen, an hunn nogefrot: Wien ass d'Rommel Bommel, wie sinn hir Frënn, a wéi hu se hire Wee an e Kannerbuch fonnt? Op all déi Froen äntweren d'Lynn Cosyn an d'Charlotte Reuter an dësem Interview:

Fro: Dass en Déier den Haaptpersonnage an engem Kannerbuch ass, dat kennt ee jo. Mä e Geméis, dat ass emol eppes anescht! Wien ass d’Rommel Bommel a wie sinn hir Frënn?
Charlotte Reuter: D`Bommel ass eng ronn, rout Rommel déi traureg ass well jidderee mengt si wier just dat: rout a ronn. Dobäi weess si, datt si ganz villfälteg ka sinn. Enges Daags mécht si bei engem Kachconcours mat a gewënnt och nach. Wéi ee Geméis ka schonns zu enger spruddeleger Limonad, engem séisse Kuch an enger knackeger Chips gemaach ginn? Seng Frënn, dat sinn de Manni Mangold, d'Pippa Pumpkin an de Monsieur Petit Pois. Alle 4 wuesse si am Gaart vun enger Famill mat zwee Kanner.
Lynn Cosyn: D'Buch besteet aus 4 verschiddene Geschichten, mat jeweils engem Geméis am Fokus. D'Rommel Bommel war déi éischt Geschicht déi ech kritt hunn, fir ze illustréieren. An do war et mir wichteg, dass d'Rommel Bommel durch hir léif, ronn Form an hir säfteg roud Faarw als e ganz frëndlecht, sympathescht Wiesen optrëtt. Villäicht ass si souguer och e bëssen zeréckhaalend - a brauch e bëssen Ënnerstëtzung vun hire Frënn, den Insekten. Déi sinn beim Zeechnen einfach sou opgetaucht beemol. U sech, huet si sou gesinn, op 2 Levelen Frënn- engersäits di aner Geméiszorten vun denen aneren Geschichten em déi et am Buch geet an anersäits awer och an der Geschicht vun der Rommel Bommel selwer.

Fro:Wéi ass et zu dësem Buch komm, a wéi engem Kontext ass et entstanen?
Charlotte Reuter: Ech hunn d’Geschichten geschriwwen op Demande vun der Ecole du Goût, wat jo e Projet vun den dräi Naturparken hei am Land ass. Den Naturpark Our, den Naturpark Mëllerdall an den Naturpark Öewersauer hunn d'Zil fir dat materiellt an immateriellt Ierwe vun dëse Regiounen ze schützen an eng nohalteg Entwécklung vun dësen Deeler vum Lëtzebuerger Land ze stäerken. An dësem Kontext sinn och schonns Publikatiounen ewéi eng Déierefibel an eng Planzefibel entstanen. D'Uleies vun der Schmaachschoul zu Branebuerg ass et fir all Mënsch en Zougang zu enger gesonder an nohalteger Iesskultur ze erméiglechen. Dofir hu mir am Kannerbuch “D'Rommel Bommel an hir Frënn” de Fokus op regionaalt Geméis geluecht. An d’Kanner dobäi z’encouragéieren méi Geméis an hire Regimm anzebannen ass sécherlech net falsch.
Lynn Cosyn: Den Naturpark ass op mech zoukomm an huet mech gefrot op ech dodrun interesséiert wär un engem "Kanner-Geméis-Buch" ze schaffen, respektiv ze illustréieren. Ech war ganz begeeschtert vum ganze Konzept a well och alles ronderem ganz stëmmeg war, hunn ech mech op di Zesummenaarbecht gefreet. Ech ginn nämlech dës ëfteren fir Kannerbicher gefrot, an dat ass awer net ëmmer sou einfach do zesummen ze fannen. D'Simone Dégardin an de Laurent Baulesch vum Naturpark hunn mech ganz wonnerbar duerch de ganze Projet begleed, wat eng schéin Erfahrung war an och well et mäin alleréischt Kannerbuch war, wat ech duerft illustréieren.

Fro:Wéi hutt Dir zesummegeschafft?
Charlotte Reuter: Fir d’éischt huet d’Ecole du Goût festgeluecht wéi eng Messagen d’Buch de Kanner sollt matdeelen. Wou kënnt eist Iessen hir? Wat geschitt alles vum Som bis bei di gekachten Ierbëss um Teller? Wat ass eng gesond an nohalteg Ernährung? Dat sinn mol Beispiller vu Froen déi am Buch sollten beäntwerten ginn an déi mir zesummen iwwert enger gudder Taass Téi a mengem fréierem Geschichte Café, dem Bonzënnen Bonzuewen zu Dikrech, diskutéiert hunn.
Wéi d'Objektiver vum Buch bis kloer waren, konnt ech mat dëse sëllege Krittären ufänken ze schaffen. D'Saisonen, d'Planzen, d'Recolte, d'Kachen an d'Iesse selwer waren déi Aspekter vun der nohalteger Iesskultur, déi ech de Kanner wollt siichtbar a verständlech maachen. D'Geschicht vun der Bommel war zimmlech séier um Blat. Déi aner Geschichte sinn iwwert di nächst Wochen entstanen esou wéi och d'Iddien zum Inhalt an de Perspektive vun de Biller an dem Gefill vum Buch am allgemengen. Den Text an dës zousätzlech Informatioune sinn dunn iwwert d'Ecole du Goût un d'Illustratrice geliwwert ginn. D’Lynn huet eis dunn d’Biller presentéiert, mir hunn e puer Ännerungen am Text virgesinn, d’Lynn huet och e puer Saachen bäigefügt oder geännert, an dunn wor de Projet usech schonns prett fir un den ausgewielten Editeur, éditions Ernster, ze liwweren.
Fir mech, genau ewéi fir d'Lynn, war et jo och déi éischt Kéier, datt ech hunn dierfen un engem Kannerbuch matschaffen an ech muss soen et war ganz intressant an ech sinn dankbar fir alles wat ech heiduerch konnt léieren. Et ginn esou vill Froen déi een sech stellt, a Saachen déi ze beuechte sinn. Wéi steet den Text a Relatioun zum Bild, passt de Sproochregester bei d'Publikum, wéi een Effekt huet d'Sequenz vun de Biller op d'Rezeptioun vun der Geschicht, wéi kann ee Kannerbuch och fir d'Elteren intressant sinn, wéi ee Pabeier passt bei d'Konzept vum Buch, asw.
Lynn Cosyn: D'Simone Dégardin an de Laurent Baulesch vum Naturpark hunn d'Charlotte a mech duerch de ganze Prozess vun Ufank un begleed. Haaptsächlech war den Austausch iwwer Video-Calls, well et fir mech net ëmmer sou einfach war, mech ze deplazéieren, well ech zu der Zäit keng Betreiung fir mäi klenge Jong hat. Do war ech och ganz dankbar, datt ech keen zäitlechen Drock gemaach kritt hunn, well ech sou gutt et gaangen ass, niewenbäi geschafft hunn. (Weekends, Owes, zwëschenduerch...) Mat engem 3-Jähregen geet d'Schaffen doheem halt nëmmen semi-gutt. Nodeems ech dunn déi éischt Geschicht kritt hunn, konnt ech mir zimlech séier virstellen, wéi d'Konzept vum Buch visuell sollt ausgesinn. Och d'Charlotte huet mir säin Input zu de Geschichten ginn. An net onwichteg ass dozou, datt den Naturpark mir och vun Ufank un matgedeelt huet, datt ech menger Kreativitéit keng Grenzen sëtze muss an datt ech di verschidden Kuerzgeschichten ganz fräi illustréieren konnt. Dat war mir ganz wichteg, well ech bei sou engem Genre Projet (den méi laang dauert) vun Ufank un, inspiréiert bleiwen wëll an sech d'Biller heiansdo eréischt no an no entwéckelen. Oder eben och mol e Charakter méi dobäi kënnt, sou wéi de Reewuerm, den ëmmer mol nees optaucht op verschidden Säiten - ouni awer den Haaptfokus vun der Geschicht ze stéieren.

Fro:Hutt Dir scho Feedback vu klenge Rommel-Bommel-Fans kritt? Wéi reagéieren d’Kanner dorop?
Charlotte Reuter: Jo genau, et war eis immens wichteg, datt d'Buch interaktiv wier, well esou de Message vum Buch nach besser ukënnt. Ech empfeelen all den Elteren, déi mat hire Kanner d'Buch kucken a liese, fir d'Stiwwelen unzedoen an an de Gaart eppes planzen ze goe wann elo d'Fréijoer kënnt. Zesumme kann een dann di kleng Planz pfleegen a hir beim Wuessen nokucken. A mat e bëssi Chance se zesumme plécken, an der Kichen verschaffen an um Kichendësch zesumme genéissen.
Et waren elo di läscht Wochen e puer Atelieren an der Ecole du Gout wou ech aus dem Buch virgelies hunn an do hu jet Kanner d’Buch matbruecht an hu mir erzielt wéi eng Geschicht hinnen am beschten vun de 4 gefällt. Dat selwecht ass och zu Walfer bei de Liesungen geschicht an an de Signéierstonnen an der Librairie. Do gesäit ee schonns, datt d’Kanner eng Relatioun zu de “Personagen” am Buch opbauen.
Lynn Cosyn: Mäi Jong war wahrscheinlech den éischte klenge Rommel-Bommel-Fan. Mat him konnt ech souzesoen testen, wéi en op di verschidden Säiten reagéiert. Während dem ganze Zeecheprozess, hunn ech mer haaptsächlech d'Reaktioun vun den Kanner probéiert virzestellen. Ech géing soen, si hu Freed drun!

Fro:Gëtt et iergendeng Anekdot ronderëm d’Buch?
Charlotte Reuter: Ech hu ganz vill flott Messagë kritt vun Elteren déi d'Buch entdeckt hunn. Op elo ee grousse Fan vu rout Rommel ginn ass weess ech net, mee et muss ee jo op mannst 10 mol eppes schmaachen éier de Kierper de Goût dovun akzeptéiert. Wat awer mir awer opgefall ass, ass datt an de Schmaachatelieren zu Branebuerg di meescht Kanner awer alles geschmaacht hunn. De rout Rommel Kuch kënnt ganz gutt un an d'Chipsen och!
Eng Anekdot? Majo, nodeems mir ganz vill driwwer diskutéiert hate wéi wichteg et wier fir Geméis z'iessen, hunn ech da missten dem Laurent an dem Simone Dégardin beichten, datt ech nach ni eng rout Rommel giess hätt! Ech war e vun deene Kanner di ganz selektiv mam Iesse waren, a bis haut hunn ech Schwieregkeeten fir Neies ze probéieren. Mee op mannst kann ech elo Nuddelen a Räis iessen. Awer eng rout Rommel ... ech wees et net.
Lynn Cosyn: Ech wees net op dëst als Anekdot zielt, mee op enger Säit ass e klenge, fresche Schleek, deen Blieder uknabbert. Dat war tatsächlech eng Iddi vu mengem, deemols 3-Jähregen Jong.

Méi iwwer d'école du goût fannt Dir hei:

RTL

D'Laureatinnen vum Lëtzebuerger Buchpräis 2023 mat der Charlotte Reuter (1t vu riets) an der Lynn Cosyn (2t vu riets) / © RTL/Bea Kneip

D'Rommel Bommel an hir Frënn
Charlotte Reuter/Lynn Cosyn
ISBN/GTIN978-2-919892-41-9

Erauskomm bei Ernster Editions

72 Säiten
18,50€