Dat zweet Kannerbuch vun de Gewënnerinnen vum Lëtzebuerger Buchpräis 2020

Mat hirem éischte Kannerbuch "De Wëlle leeft am Bësch" konnten d'Diane Orban an d'Myriam Karels 2020 net nëmmen de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner a Jugendbuch mat heem huelen, mä si hunn och nach de Publikumspräis gewonnen. "Et rabbelt an der Broutgass" ass hir zweet Zesummenaarbecht an déi ass ganz aktuell! Et geet ëm Zwillingen, d'Emma an de Georges, déi onbedéngt wëllen op Nummer sécher goen, dass de Kleeschen si net vergësst...mä waren si wierklech brav genuch? A wann net, kéinte si villäicht elo extra léif sinn, fir dass den hellege Mann awer nach eppes fir si matbréngt? Sou kommen si op d'Iddi fir hir Noperen ze bastelen an ze baken, mä leider geet et leeft net alles esou wéi si sech dat virstellen...

E puer Froen un d'Diane Orban an d'Myriam Karels:
Fro: An Äerem éischte Buch hudd Dir vill mat Lëtzebuerger Sprachwierder geschafft, an esou ee Sprachwuert ass och den Titel vun dem neie Kannerbuch. Wéi sidd Dir dorop komm?
Myriam Karels: Mir hunn dësen Titel erausgesicht well en uspriechend ass an et effektiv och bei de Kanner an der Geschicht zu engem Moment rabbelt well se der e puer gestiicht hunn an dës Kéier e puer zevill gestiicht hunn!

Myriam Karels: Wéi sidd Dir op den Titel komm?

Fro: Fäerten se dann net, dass de Kleeschen dat villäicht och gesinn hätt?
Myriam Karels: Genau. Dorëm geet et an der Geschicht, well d'Kanner mierken, dass se der zevill gestiicht hunn a fäerten, dass de Kleeschen se dës Kéier eben net a sengem gëllene Buch op der Lëscht vun de brave Kanner huet. An dofir fäerten se dann kee Kaddo ze kréien.

Myriam Karels: D'Kanner fäerte, kee Kaddo ze kréien

Fro: D'Zwillingen maachen dann eppes fir nees op déi Lëscht ze kommen, mä dat geet awer net ganz esou wéi si sech dat geduecht haten?
Diane Orban: Si sinn am Fong immens veronséchert well hinnen der eben e puer geschitt sinn an da wëllen se dat verbesseren an da maachen se einfach emol eng riisen Bak a Bastel-Aktioun an da ginn se d'Leit...bon, béis Zonge kéinte behaapten se wéilten se bestiechen mä am Fong wëllen se just op Nummer sécher goen, dass se awer villäicht trotz hire Spiichten op déi Lëscht vun deene brave Kanner kéinte kommen. Op dee Plang dann elo opgeet oder net, dat wëlle mer elo nach net verrooden, dat musst dir da selwer noliesen!

Diane Orban:Grouss Bak a Bastel-Aktioun

Fro: Dobäi gëtt et mat Momenter richteg turbulent, an et kënnt souguer zu enger Aart Kettereaktioun!
Diane Orban: D'Kanner ginn hirem Virwëtz no an da schläichen si sech enzwouesch hin wou se net hätte sollen an dann do erféieren se, an da falen se vun den Holzstécker erof an da falen se iwwer eng Kaz an d'Kaz rennt op d'Strooss, do kënnt en Auto dee muss voll bremsen. Duerch d'Quitsche vun de Bremsen erféiert een aneren, dee léisst seng Tute falen, doriwwer fällt ee mam Skateboard an d'Coiffeuse déi och duerch dat Ganzt duercherneen ass, schneid engem e Putsch Hoer ewech! Jo, an da sti si do, si wëssen net méi wat maachen an do sinn d'Leit dann net esou ganz frou. Mä eigentlech wollten se och do net wierklech eppes Béises.

Diane Orban: Kettereaktioun

Fro: Et gëtt also op alle Fall vill ze laachen! Wéi hudd Dir eigentlech fir d'Buch zesummegeschafft, wien huet sech d'Geschicht ausgeduecht a wien huet d'Biller gemoolt?
Diane Orban: Mir kënnen eis do net esou richteg honnertprozenteg trennen wéi dat villäicht bei anere Kollaborationen de Fall ass. Mir denken eis nämlech d'Geschicht zesummen aus an ech verfaassen se dann am Text. D'Myriam geet mir dann awer doranner pfuschen (laacht) an hat illustréiert an da léeën ech da mäi Pefferkär bäi an ech maachen dann duerno d'Aquarellen an hat setzt se um Computer zesummen. Also iergendwéi kann een déi zwee Beräicher net trennen a mir maachen et eigentlech zesummen.

Diane Orban: Zesummenaarbecht

Fro: Et gëtt jo vill gebastelt a gebak, kënnen d'Kanner doheem dat dann och nomaachen?
Diane Orban: Jo, si bastelen a bake ganz verschidde Saachen déi jeweils op den eenzelne Personnage zougeschnidde sinn, dass dat dem och eng extra grouss Freed mécht. A wann d'Kanner dobaussen, d'Nolauschterer villäicht och , déi eng oder aner gestiicht hunn déi se erëm  wëlle gutt maachen, kënne se dat mat hiren Elteren nobastelen an nobaken well alleguerten d'Rezepter an d'Basteluleedungen sinn hannen am Buch ze fannen. Sou dass d'Kanner doheem dat kënnen och austesten an esou hoffentlech och hir Plaz bei de brave Kanner am gëllene Buch séchere kënnen!

Diane Orban: D'Kanner doheem kënne mat baken a bastelen!
RTL

© éditions Guy Binsfeld

DIANE ORBAN / MYRIAM KARELS
ET RABBELT AN DER BROUTGAASS
Editions Guy Binsfeld
64 Säiten
250 × 300 mm
Hardcover
ISBN 978-99959-42-98-4
24 €