Lyrik

“Années Folles – The Sequel” heescht den Debut vum Tun de Jong. Et handelt sech dobäi em e Lyrikband, deen als iwwergräifend Thematik d’Krisen, de Chaos vun deene leschte Joren an de perséinlechen Ëmgang domat huet. Den Auteur hëlt eis mat op eng poetesch Rees, wou näischt méi ass, wéi et mol war, an dach awer alles een erënnert un Zäiten, déi et scho gouf. Mol an der Stad, mol um Land, op der Côte an um Séi: iwwerall zeechent sech of, dass eppes Grousses passéiert, wat mer just schwéier verschaffe kennen. Wann een sech awer vu Wuert zu Wuert dreiwe léisst, de Klang wouerhëlt vun deem wat hei aneneen iwwer fléisst, da kann een net anescht wéi ze Danzen: Trotz oder wéinst dem imminente Verfall ass dann déi eegen Entscheedung.

Klappentext vum Buch:

„Bad year? Annus horribilis. A decade of somber foreshadowing somehow still full of laughter and dance? It must be the sequel to the années folles. Extreme weather, wars, a shift to the right. In between: disbelief, disillusionment and self-deceit. Only the most vibrant of colours can hide the rot that’s underneath. So come and dance with me now, if you please!“

Iwwert den Auteur:

RTL

© Isabella Riel

Den Tun de Jong, 1992 zu Lëtzebuerg gebuer, ass Affekot an Auteur a lieft no Statiounen zu Kansas City, Paräis, Edinburgh a Bremen zur Zäit zu Berlin.

Praktesch Informatiounen:

Titel: Années Folles – The Sequel

Editeur: story.one publishing

Säiten: 55

Sprooch: Englesch, Däitsch, Franséisch

ISBN: 978-3-7108-6096-6

Präis: 18 €