D'Nummer 20 aus der Serie "Timba" vu Kremart

Vun der Stad op d’Musel, vun do erop an d’Éislek, dann erof an de Minett an nees hannescht an d’Stad: Mat engem Ballon an engem Dag duerch ganz Lëtzebuerg fueren? Wat fir eng Iddi! Ma de Globetrotter Dr. Henri N. C. Kerschen léisst sech duerch näischt vu sengem Plang ofb réngen. »Am Ballon iwwer Lëtzebuerg« spillt am Joer 1913 an ass eng eenzegaarteg Odyssee bei Sonn ewéi bei Reen, an der Loft, um Buedem an um Waasser. Voller skuriller Figuren, wéi ee se soss nëmmen an der Reesliteratur fënnt.

TIMBA 20

Romain Haas: Am Ballon iwwer Lëtzebuerg

ISBN 978-2-919781-20-1, 40 Säiten, 4 Euro

TIMBA ass den Nofollger vun der hypererfollegräicher Serie SMART a presentéiert wéi si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. Elo sinn d'Nummeren 20, 21 an 22 erauskomm. D'nächst Joer gëtt d'Serie mat den Nummeren 23 a 24 ofgeschloss.

RTL

© Kremart Edition