Eng Beweegungsgeschicht fir Kanner ab 4 Joer

FUNdamentals Team Lëtzebuerg, eng Beweegungsgeschicht fir Kanner ab 4 Joer ass beim INAPS (Institut National de l'Activité Physique et des Sports) erauskomm. D'Kanner kënne sech op eng Rees duerch Lëtzebuerg maachen, déi 12 Kantonen entdecken, an op all Plaz e neie coole Personnage kenneléieren, dee ganz besonnesch sportlech Talenter huet. Zum Beispill de Speedie, e Leefer deen op der Route du Vin am Kanton Réimech ënnerwee ass oder den Nutch dee si mat op d'Beeforter Äispist hëlt.  Am FUNdamentals Team Lëtzebuerg sinn awer nach e puer aner ganz interessant Personnagen, déi an dësem kuerzen Extrait, vum Lisa, der Haaptfigur, presentéiert ginn:

D'Lisa presentéiert d'FUNdamentals Team Lëtzebuerg

De Philippe Peters vum INAPS war op de Walfer Bicherdeeg an huet do e puer Explikatiounen iwwer d'Buch ginn:

Fro: Wat genee huet et mat dësem Kannerbuch op sech?
Philippe Peters: Wéi den Numm et scho seet, eng Beweegungsgeschicht. Et geet hei drëm, dass eng Geschicht verbonnen ass mat Beweegungsaktivitéiten. D'Zil hei ass et fir d'Kanner an hirer motorescher Entwécklung z'ënnerstëtzen. Dat heescht et ass fir Kanner ab 4 Joer an dat Ganzt ass am Format vun engem Hörbuch elo erauskomm, fir d'Famillen. D'Iddi ass hei dobäi, dass een d'Geschicht lauschtert an dann no all Kapitel huet een dann ëmmer Aktivitéiten déi ee ka maachen, déi een dann eben och doheem kann ëmsetzen oder wann ee mat de Kanner zum Beispill an de Park geet. Dann ass dat esou geduecht, dass een ouni vill Opwand déi Geschicht ka benotzen an dann de Kanner och eppes Guddes deet, si ënnerstëtzt, wéi gesot, bei hirer motorescher Entwécklung.

Fro: Wien huet d'Buch konzipéiert, a wien huet et geschriwwen?
Philippe Peters: Jo, also d'Buch ass vu mir geschriwwen a Kooperatioun mam Guy Helminger an ass och elo vertount ginn, dat hu mir mat Linster Studios zesumme gemaach. Ech mengen dat wat elo dobäi erauskomm ass, ass flott a mir hoffen natierlech, dass mir doduerch e puer Kanner nach eng Kéier méi motivéiert kréien, sech ze beweegen.

Fro: Et mengt ee jo ëmmer, Liesen dat wier eppes wat een am sëtze mécht, mä hei ass dat anescht?
Philippe Peters: Ech mengen, hei fënnt ee genuch flott Aktivitéiten déi ee ka maachen, flott Iddien. Déi Aktivitéiten sinn och bewosst esou opgebaut, dass si ëmmer mat der Handlung vun der Geschicht verbonne sinn, sou dass d'Kanner och d'Rolle vun deene Charakteren kënnen nospillen.

RTL

© INAPS

ISBN/GTIN9789998770096

Erauskomm bei: INAPS 
29,50€