Den drëtte Band an der Trilogie ronderëm d'Bäreldéier, d'Helster an de Walfësch!

"Man d'Frënn dir Mutt, gëtt alles gutt" (2021) , "Den Dram vum Bam" (2022) an elo "Eng Welt déi gefält". Pénktlech fir d'Walfer Bicherdeeg hunn d'Schoulkanner aus der Gemeng Walfer  an de leschte Joren all Kéiers e Kannerbuch erausbruecht. Zwee Enseignanten aus der Walfer Schoul, de Ralph Hilbert an d'Nathalie Ferron hunn de Projet initiéiert, Texter geschriwwen a sech d'Personnagen ausgeduecht.

Fro: Wéi eng Personnagen sinn dat?
Nathalie Ferron: Dat ass d'Bäreldéier vu Bärel dann eben, d'Helster, dat ass dann eng Elster vun Helsem an de Walfësch da fir d'Walfer Schoul.

Fro: Wourëms geet et dann an dem neie Buch?
Nathalie Ferron: Et ass den drëtten Deel dës Kéier, et heescht "Eng Welt déi gefält". Dës Kéier ass et esou, dass déi 3 Frënn am Fong geholl e bëssen an eng Fantasiewelt erarutschen, also dat Ganzt ass e bësse méi fantasievoll dës Kéier gestalt ginn.

Fro: Wéivill Kanner hu bei dem Projet matgemaach?
Nathalie Ferron: All d'Schoulklasse vu Walfer, Bärel an Helsem, dat sinn esou ëm déi 650 Kanner déi dann do deelhuelen fir dann déi Biller ze entwerfen a schlussendlech gëtt dann eng Selektioun gemaach vun deenen déi da wierklech am Buch dra sinn. Mä hei um Stand (op de Walfer Bicherdeeg) sinn dann och all déi aner Biller ausgestallt vun all de Kanner.

Fro: Dir sot, et ass eng Trilogie, déi ass jo dann elo mam drëtte Band fäerdeg. Gëtt et da Pläng fir d'nächst Joer?
Nathalie Ferron: Et war elo emol gesot ginn, eng Trilogie, also déi dräi Déieren sinn elo awer schon e bëssen d'Maskottercher vun eiser Walfer Schoul. Wat elo d'nächst Joer kënnt, mir wëssen et selwer nach net genau. Et kënnt iergend eppes, villäicht eppes Neits, mä dat wäert een dann d'nächst Joer gesinn.

Et sinn nach e puer Exemplairen do! Déi kann een entweder um Helsemer Chrëschtmaart (de 15ten Dezember vu 16h30 un  bei der Schoul) kafen oder se iwwer d'Mailadress ralph.hilbert@education.lu bestellen.
De Präis ass 10€, den Erléis geet un d'Fondation Wonschstär.
Ausser dem neie Buch "Eng Welt déi gefält" ass och nach d'Buch vun 2022 "Den Dram vum Bam" ze kréien.