Den Ech-Erzieler steet enges Dages am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“.

„Fassad a Substanz“, den alleréischte Roman vum Joël Adami

Den Ech-Erzieler steet enges Dages am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt d‘Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat Lëtze­buerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem, well näischt méi reell wierkt: D‘Pizzeria net, d‘Chamber an déi lëtze­buergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op Lëtzebuergesch ze bestellen. D‘Lis,  eng gutt Frëndin vum Ech-Erzieler, probéiert him d‘Gefill vun der Normalitéit zeréckzeginn. Dofir besichen déi zwee déi „schéinste“ Plaze vum Land. Si maache kee Road­trip, well dat an engem klenge Land lächerlech wier. Si fueren trotzdeem bei de Bockfiels, an de Flying Dutchman, op d‘Aire de Berchem, de Stauséi a schlussendlech op de Kierchbierg.

Extrait:

Et war op der schéinster Plaz am Land, op där mir opgefall ass, datt eppes net stëmmt. Ee Moment duecht ech, et wier d’Welt, mat där eppes net stëmme géif. Dir kennt dat Gefill bestëmmt. Et steet een*t op enger Plaz, kuckt den Horizont an op eemol ass dee schif, et kritt een*t liicht den Tommel an et gëtt engem vläicht esouguer e bëssi dronken. An da realiséiert een*t, datt mat der Welt eppes ganz gewalteg net stëmmt. Ech hat där Momenter schonn e puer a mengem Liewen. Deen éischte war direkt no menger Gebuert, wou ech gläich gemierkt hunn, datt un der Welt am Fong alles falsch war, wat nëmme konnt falsch sinn. Dofir hunn ech do och zimmlech gebläert – wat awer weeder den Dokter, an d’Hiewamm, nach meng Eltere besonnesch beandrockt hat.
(Pressetext vun Op der Lay)
"Fassad a Substanz"
Joël Adami
Op der Lay
ISBN: 978-2-87967-265-6
17,90€