
© éditions Guy Binsfeld
Een halleft Joerhonnert – drësseg Kuerzgeschichten!
Déi eng si wuel erfonnt, anerer der Realitéit noempfonnt, mee si all halen den Zäitgeescht vun engem hallwe Joerhonnert fest. D’Sujete vun den 30 Geschichte sinn divers: Se féiere mat der Detektivlupp iwwert de Fitnesspad bis rop op de Bockfiels, maachen en Halt bei Krichsschauplazen a Geeschterhaiser a leeden duerch déif Tunnelen nees zeréck an d’Stroossen, wou Konfetti a Lousbilljeeën uechter d’Loft fléien, – fir um Enn virun der Fro ze stoen, ob de Columbus net awer ee Lëtzebuerger war …

© Heiko Riemann
Iwwert den Auteur:
De Pe’l Schlechter ass 1921 gebuer an huet als villsäitege Grafiker an Zeechner a verschiddenen Architektebüroe geschafft, bis hien säin eegene Grafiksatelier opgemaach huet. Säi Bezuch zur Literatur huet sech och schonn a senger grafescher Tätegkeet manifestéiert: Hien huet beispillsweis d’Gesamtausgab-Covere vu sämtleche Vertrieder aus der klassescher Lëtzebuerger Literatur – wéi déi vum Méchel Rodange oder Michel Lentz oder Dicks – illustréiert. Parallel ass hie schrëftstelleresch täteg an huet Kuerzgeschichten, Kannerbicher a Gedichter an ënnert anerem der Revue, dem Lëtzebuerger Land an a Les Cahiers Luxembourgeois verëffentlecht. Hien huet awer och autobiografesch Opzeechnung zu Pabeier bruecht an no dësen zwou éischte Publikatiounen, De Pol muss an de Krich (2012, Lëtzebuerger Buchpräis 2013) a Wéini kënnt fréier erëm? (2014), ass dëst säin drëtt Buch, wat vun him bei den éditions guy binsfeld erauskënnt
PE’L SCHLECHTER
EINFACH ESOU - E Grapp erfonnte Geschichten
Kuerzgeschichten
éditions guy binsfeld
256 Säiten
134 × 210 mm
Softcover
ISBN 978-2-919822-07-2
22€