Den Tom Hillenbrand war zu Lëtzebuerg fir aus sengem aktuelle Roman "Die Erfindung des Lächelns" ze liesen.

Am Roman geet et ëm den Déifstahl vun der Mona Lisa aus dem Louvre am Joer 1911. Zwee Joer laang blouf dem Leonardo Da Vinci säi Meeschterwierk vermësst. Eng Blamage fir d'Direktioun vum Louvre, déi weltwäit an der Press kommentéiert gouf. Karikaturen, sarkastesch Iwwerschrëften an den Zeitungen a souguer e Film, dee sech mam Thema beschäftegt huet. Alles dat huet net nëmmen deen deemools marode Paräisser Konschtmusée bloussgestallt, mä och dofir gesuergt, dass de Portrait vun der Mona Lisa zu engem vun deene berüümtsten Tableauen iwwerhaapt ginn ass. Den Tom Hillenbrand huet dëse reale Kriminalfall a sengem Roman opgegraff an huet domat och e Portrait vu Paräis an der Belle Epoque gezeechent. Eng Zäit an der d'Konscht nei Weeër beschratt huet, zum Beispill mat enger Isadora Duncan am  Danz oder engem Pablo Picasso an der Molerei. Personnagen, déi och an "Die Erfindung des Lächelns" optauchen. Iwwerdeems war d'Liewe fir déi meeschte Leit awer alles anescht wéi lëschteg: als Reaktioun op déi batter Aarmut hu sech anarchistesch Gruppe forméiert, wéi zum Beispill d'Band ronderëm dee charismatesche Jules Bonnot. Am Interview erzielt den Tom Hillenbrand vu sengen intensive Recherche fir dëse Roman, et geet awer natierlech och ëm seng Krimi-Serie ronderëm de Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer. An e léisst sech souguer e bëssen an d'Kachdëppe kucken.

Podcast Lecture vun heiheem: Den Tom Hillenbrand am Interview

Dem Tom Hillenbrand seng Buchtipps:

"The Wanting Seed" Anthony Burgess
"Die Knochenuhren" (The Bone Clocks) David Mitchell

RTL

Den Tom Hillenbrand war den 12ten Dezember op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an der Cité Bibliothéik op Besuch

Tom Hillenbrand

Die Erfindung des Lächelns

448 Seiten

Hardcover

25,00 € (D) 25,70 € (A)

ISBN 978-3-462-00328-4

Verfügbar auch als E-Book

Das Hörbuch, gelesen von Wolfgang Wagner, erscheint bei Argon