Eng musikalesch Geschicht fir ze liesen an ze lauschteren

D’Congatrommel QUINTO gëtt ganz eleng zu New York matzen um Time Square mat all senge faarwege Luuchte wakereg. Hatt freet sech, wou hatt hier kennt. Schonn eng ganz Zäit leeft hatt duerch dës riseg Stad, ouni ze wëssen, wien seng Famill ass a wat hatt iwwerhaapt hei tëscht all dësen héijen Haiser verluer huet. Hatt begéint do op eemol dem Marco, den hatt mat op eng laang Rees hellt, an him alles iwwert seng Familljegeschicht erzielt. 

Kommt mat op eng musikalesch Rees, an entdeckt flott Musek aus Westafrika, vu Kuba a vu New York. Eng spannend Geschicht fir selwer ze liesen oder ze lauschteren mat Biller vum Maurizio di Stasi.

D’Jeanne Schmartz trommelt schonns säi ganz Liewe laang. Fréi huet hatt och d'Congaën entdeckt. Dofir ass hatt no senger Première F an Holland gaangen, fir do latäinamerikanesch Perkussioun a Musekswëssenschaften ze studéieren. Rëm zréck zu Lëtzebuerg, huet d’Jeanne ugefaangen am Lycée fir d’Educateuren an Educatricë Musek ze ënnerriichten. Niewelaanscht huet hatt a Bands gespillt. D’Jeanne Schmartz ass Mamm vun 2 Meedercher, déi hatt dozou inspiréiert hunn fir e Kannerbuch iwwert säi Liblingsinstrument, d’Conga, ze schreiwen.

Op der Opnam hu matgemaach:

Stëmm Erzieler a Quinto: Jeanne Schmartz

Stëmm Marco: Maurizio di Stasi

"Wien ass d'Quinto?"
Jeanne Schmartz (Text) a Maurizio di Stasi (Biller)
ISBN 978-2-87992-160-0
26€
Erauskomm bei: SNE éditions